Charles Marx

Lëtzebuerger Politiker an Dokter

De Charles Marx (Louis Charles Marx)[1], gebuer de 26. Juli 1903 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 13. Juni 1946[2] am Spidol vu Meaux no engem Autosaccident zu La Ferté-sous-Jouarre, Frankräich, war e lëtzebuergeschen Dokter, Politiker a Resistenzler.

Charles Marx
Gebuer 26. Juli 1903
Lëtzebuerg
Gestuerwen 13. Juni 1946
La Ferté-sous-Jouarre
Doudesursaach Verkéiersaccident
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Gynekolog, Saachbuchauteur
Partei KPL

Seng jugendlech Opfaassungen änneren

Mat 16 Joer war de Charles Marx schonn an der Jeunesse socialiste engagéiert. Hien ass deemools a sozialdemokratesche Kreesser wéinst senge revolutionären Usiichte staark kritiséiert ginn. Hien huet doropshin Uschloss un de franséische Grupp Clarté vum Henri Barbusse gesicht an ass mat der Jeunesse Socialiste zu de Kommunisten iwwergetratt. Hire Mouvement gouf dunn 1921 an Jeunesse communiste ëmbenannt.

Den Dokter änneren

No senger Première (1922) am Kolléisch huet hien zu Stroossbuerg an zu Paräis Medezin studéiert an uschléissend an der franséischer Haaptstad am Hôtel Dieu praktizéiert. Am Abrëll / Mee 1933 huet hien zu Lëtzebuerg seng Examen als Dokter mat Distinctioun gemaach.

Als Gynekolog a Chirurg, dee fir Mooperatioune spezialiséiert war, ass hien Interne vun de Paräisser Spideeler ginn, a krut dunn eng Plaz als medezinesche Chef vun der chirurgescher Sektioun vun der Paräisser Medezinfakultéit (Hôtel Dieu). 1935 huet hie seng Doktesch-Thees publizéiert, déi sech mat der Behandlung no der Operatioun, vu Mooperéierte befaasst huet. 1935 gouf hien an d'Association française de chirurgie gewielt a krut am selwechte Joer de Le-Piez-Präis mat dem Vermierk Lauréat de l'Académie de Médecine.

Fréi am Joer 1936 ass hien dunn zeréck op Lëtzebuerg koum an huet sech zu Ettelbréck néiergelooss. Do huet hien an der Rue Kennedy déi al Ettelbrécker Klinick, déi vun der Croix Rouge gefouert ginn ass, zu senger Privatklinick ëmfunktionéiert, an dat mat Hëllef vu Schwëstere vun der Congrégation du Très Saint Sauveur, déi hie vu Niederbronn am Elsass komme gelooss huet.

1940, sechs Woche virun der däitscher Invasioun, ass eppes geschitt, wat een entscheedenden Afloss op säi spéidert Liewe sollt hunn. An der Nuecht vum 1. op den 2. Abrëll 1940, huet nämlech ee franséische Militärfliger, dee bei engem Opklärungsfluch iwwer Däitschland vun der Flak getraff gi war, tëscht Feelen an dem Hubertushaff eng Brochlandung gemaach. Vun de fënnef Besatzungsmembere waren der zwéi blesséiert ginn, de Capitaine, a spéidere Generol, Marcel-Pierre Faure a säin Adj.-Chef Charles Lherbiet. Si sinn an d'Ettelbrécker Klinick ageliwwert ginn, wou den Dokter Marx sech hirer ugeholl a medezinesch Ursaache gesicht huet, fir hir Internéierung, Lëtzebuerg war zu där Zäit offiziell nach e neutraalt Land, ze verhënneren.

Zesumme mam Dokter Nicolas Huberty an e puer aner Komplizen, huet hien dunn d'Evasioun vun deenen zwéi Fransousen organiséiert, a si heemlech iwwer déi franséisch Grenz bruecht. Dofir goufe si ugeklot. Et koum allerdéngs net méi zu engem Urteel ënner der lëtzebuergescher Autonomie, well an der Tëschenzäit, den 10. Mee 1940, déi däitsch Truppen zu Lëtzebuerg ageréckt waren. Mä déi Däitsch haten déi Episod net vergiess.

De Resistenzler änneren

 
Den Espace Charles-Marx zu Quillan, him zu Éieren esou genannt.

Vun den Däitsche gouf den Dokter Marx 1941 zu 8 Méint Prisong an enger Geldstrof vun 20000 Mark verurteelt. Dat ass awer a senger Ofwiesenheet geschitt. Well, bewosst, dat hie bei enger däitscher Invasioun mat Konsequenze misst rechnen, hat hie sech den 10. Mee duerch d'Bascht gemaach a war op Montpellier a Frankräich geflücht, wou hie sech fir de medezinesche Service vun der franséischer Arméi gemellt huet. Am Laf vun enger gewësser Zäit war hien och de Vertrieder vum lëtzebuergesche Roude Kräiz.

Am November 1940[3] huet hien zu Quillan (Departement Aude) eng Klinick vum franséischen Dokter Deixonne[3] vu Perpignan iwwerholl an huet do als Dokter a Chirurg praktizéiert, wat him erlaabt huet, grad wéi zu Montpellier, ville Lëtzebuerger ze hëllefen. Do war hien awer net sécher, well hie vun der Gestapo gejot gouf. Zu Montpellier gouf hie souguer op däitschen Drock hin zum Doud verurteelt, erëm a senger Ofwiesenheet.

Am Juni 1942[4] huet hie säi Posten an der Klinick zu Quillan opginn an huet sech dem Resistenz-Reseau Mithridate vum B.C.R.A. (Bureau Central de Renseignement et d'Action) vum Charles de Gaulle ugeschloss. Dat huet him erlaabt, Norichtefilièren iwwer déi sougenannten "Ligne Elisabeth" a "Ligne Charlotte" tëscht Lëtzebuerg a London opzebauen. An deem Bond waren och den Albert Ungeheuer. De Charles Reiffers an den Eugène Léger waren dobäi als Courrier aktiv. Nodeem (11. November 1942), d'Preisen an dat bis dohin onbesate Gebitt vun der Vichy-Regierung ageréckt waren, gouf säin Openthalt zu Quillan schwiereg. Hien huet sech dem Resistenzgrupp Combat et Franc-Tireur ugeschloss. Am Mee 1943 huet en de Maquis de la Haute Vallée de l'Aude gegrënnt a geschwënn duerno, poursuivéiert duerch d'Gestapo, Quillan definitiv verlooss.

Als Kommandant vun der FFI (Forces françaises de l'intérieur), war hien Ufank September 1944 bei der Liberatioun vu Lyon dobäi. Am Oktober 1944 gouf hien op Paräis geschéckt, fir do d'Plaz als Délégué du Conseil médical de la Résistance ze bekleeden. Hien huet och duerno, bis zum Waffestëllstand, als prominente Militärdokter, um Opbau vun de chirurgeschen Déngschter vun de franséisch-amerikaneschen Truppe matgewierkt.

De Politiker änneren

 
Gedenkplack um Square Dr Charles Marx zu Ettelbréck.

Am Joer 1945 ass den Dokter Charles Marx erëm zeréck op Lëtzebuerg komm. Do gouf hien op der Lëscht vun der KPL bei den éischte fräie Walen nom Zweete Weltkrich als Deputéierten an d'Chamber gewielt. Fir déi national Solidaritéit och no der Liberatioun ze betounen, koum et de 14. November 1945 zur Bildung vun enger Regierung vun der Nationaler Unioun, an där, nieft der CSV, LAP, Groupement Démocratique, och d'KPL vertruede war. Si huet hiert Amt de 14. November 1945 ugefaangen an de Charles Marx gouf an där Regierung Minister vun der Santé Publique. Dat war eng schwéier Aufgab, well deemools d'Zoustänn an de Gesondheetsdéngschter miserabel waren. Mat grousser Energie huet hie sech agesat, fir déi Zoustänn ze verbesseren. Den Dokter Marx war bekannt als een deen de Kontakt mam klenge Mann gesicht huet a fir hien ëmmer en oppent Ouer hat.

Wéi den Dokter Marx 1946 bei engem Autosaccident a Frankräich ëm d'Liewe koum, gouf hie vum Dominique Urbany an der Regierung ersat.

Publikatiounen änneren

  • Haaptpublikatioun
    • Marx, Charles: Le Fonctionnement de l'estomac après gastrectomie (Notiz: Travail à la Clinique chirurgicale de l'Hôtel-Dieu), Editeur: Louis Arnette, Paräis, 1935, 259 p. ill. 8°, BnL: catalogue collectif bibnet.lu

Auszeechnungen änneren

No him genannt änneren

 
Den Espace Charles-Marx zu Quillan.

Fir un de Charles Marx z'erënnere sinn ë. a. no him benannt:

  • eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg (boulevard Dr Charles Marx)
  • eng Plaz zu Ettelbréck (square Dr Charles-Marx)
  • eng Plaz zu Quillan (espace Charles-Marx)[3]

Bibliographie änneren

  • Giulio-Enrico Pisani 2007: Charles Marx Un Héros Luxembourgeois. Éditions Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, Esch-Uelzecht, 250 Säiten.
  • Paul Dostert 2003: Charles MARX 1903-1946. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 395-397. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
  • Joseph Flies 1970: Ettelbrück, Geschichte einer Landschaft. Imprimerie Saint-Paul. (An deem Buch geet och rieds vum Dokter Charles Marx a senge Verdéngschter am an nom Zweete Weltkrich).

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Auszug aus dem Etat civil vun der Stad Lëtzebuerg, publizéiert an der Indépendance luxembourgeoise vum 31. Juli 1903, S. 3
  2. Minister Dr. Charles Marx und Gattin tödlich verunglückt an der Obermosel-Zeitung vum 14. Juni 1946, S. 1
  3. 3,0 3,1 3,2 Charles Marx, un héros salué op lindependant.fr gekuckt den 13. Mee 2018 an an der Drockversioun vum L'Indépendant den 11. Mee 2018, S. 15
  4. Dem Indépendant no, eréischt am Mee 1943