Gaston Carré (Resistenzler)
franséische Resistenzler
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem franséische Resistenzler Gaston Carré. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Gaston Carré. |
De Gaston Carré, genannt Jean-Pierre, gebuer de 7. November 1905 zu Vézelay, war e franséische Resistenzler a militante Kommunist. Hie war vu Beruff Installateur, an haaptsächlech zu Aubervilliers aktiv. Als Member vun den internationale Brigade gouf hie vun de Basatzungstruppe verhaft, an den 21. Oktober 1942 zu Issy-les-Moulineaux erschoss.
Gaston Carré | |
---|---|
Gebuer |
7. November 1905 Vézelay |
Gestuerwen | 21. Oktober 1942 |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Politiker, RIF- Resistenzler |
Partei | PCF |
Mat engem Dekreet vum 24. Juni 1947 krut hien d'Légion d'honneur à titre posthume.
Seng Fra Yvonne, déi och verhaft gouf, ass 1943 an der Deportatioun gestuerwen.