Saint-Malo

Franséisch Gemeng an der Ille-et-Vilaine

Saint-Malo (op Bretonesch: Sant-Maloù) ass eng Stad vu 50.675 Awunner (1999) an der Bretagne, am Nordweste vu Frankräich. Si gehéiert zum Departement Ille-et-Vilaine an zur Regioun vun der Bretagne. Et ass eng Stad mat engem historesche Kär, deen nach ganz bannent den ale Festungsmauere läit.

Saint-Malo
Loftbild vu Saint-Malo

Loftbild vu Saint-Malo
Loftbild vu Saint-Malo
Land Frankräich
Regioun Bretagne
Departement Ille-et-Vilaine
Arrondissement Saint-Malo
Kanton Saint-Malo-1
Saint-Malo-2
Postcode 35400
Gemengecode 35288
Koordinaten 48° 38’ 53’’ N
      02° 00’ 27’’ W
Fläch  3 658 ha
Bevëlkerung  46 005 (2016)

Fir an déi al Stad ze komme brauch en nëmmen de Schëlter mat der Opzeechnung Intra Mures nozefueren.

Dat ass e vun e puer Grënn, firwat Saint-Malo zu enger vun de meeschtbesichten Touristestied a Frankräich gezielt gëtt. Saint-Malo läit op der Smaragdküst (Côte d'Émeraude) am Norde vun der Bretagne um rietsen Uwänner vun der Mëndung vun der Rance, géintiwwer vun der Stiedchen Dinard.

Saint-Malo gëtt op dräi Säite vum Mier ëmspullt. Et ass d'Haaptstad vum Arrondissement Saint-Malo.

Bei Saint-Malo läit um Laf vun der Rance de Barrage de la Rance, e bekannt Waasserkraaftwierk dat duerch de Wasserhéichtenënnerscheed tëscht Ebbe a Flut Stroum produzéiert. Et ass dat gréisst vun där Zort op der Welt.

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Saint-Malo – Biller, Videoen oder Audiodateien