Erna Hennicot-Schoepges
D'Erna Hennicot-Schoepges gebuer de 24. Juli 1941 zu Diddeleng, ass eng Lëtzebuerger Politikerin a Musekerin.
Erna Hennicot-Schoepges | |
---|---|
Gebuer |
24. Juli 1941 Diddeleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Pianist, Universitéitsprofesser |
Partei | CSV |
Member vun | Parlamentaresch Versammlung vum Europarot |
D'Erna Hennicot-Schoepges ass Éierendokter vun der Sacred Heart University Luxembourg an dem Miami University John E. Dolibois European Center. Si ass bestuet a Mamm vun dräi Kanner.
Schoulen a musikalesch Karriär
ännerenD'Erna Hennicot-Schoepges huet Musek a Kombinatioun mat Philosophie a Literatur op follgende Schoule studéiert: Conservatoire royal de musique de Bruxelles, École normale supérieure de Paris, Mozarteum zu Salzbuerg an um Centre universitaire zu Lëtzebuerg.
Si huet hir berufflech Carrière als Museksprofessesch um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg ugefaangen an huet sech als Pianistin eng zolidd Renommee als Begleederin geschaf. Si huet vill Pianosrezitaler ginn an ass zesumme mat dem RTL-Orchester opgetrueden.
Ënner dem Pseudonym "Colette" war si zéng Joer laang Mataarbechterin vu Radio Lëtzebuerg, wou si Musekssendunge moderéiert huet.
Politesch Karriär
ännerenVun 1976 bis 1987 war si am Gemengerot vu Walfer a vun 1988 bis Januar 1995 Buergermeeschtesch vun där Gemeng.
1979 gouf si fir d'éischt Kéier op der Lëscht vun der CSV an d'Chamber gewielt a bis 2009, wou se net méi kandidéiert huet, all Kéier erëmgewielt.
Tëscht Juli 1989 a Januar 1995 war si Presidentin vun der Chamber an domat déi éischt Fra an dëser Positioun.
Nieft der Chamber war si och Member vun aneren Assembléeën:
- 1984-1989: Europarot;
- 1989-1995: Conseil parlementaire interrégional, wouvu se Vizepresidentin, da Presidentin gouf;
- 1991-1995: Assemblée parlementaire vun der Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa (O.S.C.E.).
Vum Januar 1995 bis 1999 war si an der Regierung Juncker-Poos Ministesch fir Erzéiung a Beruffsausbildung, Ministesch fir Kultur a Ministesch fir Kultus. No de Wale vun 1999 gouf si Ministesch fir Kultur, Héichschoulerzéiung a Fuerschung, a Ministesch fir ëffentlech Bauten an der Regierung Juncker-Polfer. An deenen zwou Regierungsperioden war si delegéiert Ministesch fir d'Francophonie.
Vun 1979 bis 1988 war d'Erna Hennicot-Schoepges Presidentin vun de Chrëschtlech-Soziale Fraen a vum Februar 1995 bis am Januar 2003 Presidentin vun der CSV.
Vun 2004 bis 2009 war d'Erna Hennicot-Schoepges Deputéiert vum Europäesche Parlament.
Vum 10. November 2009 bis Enn 2013 war si Member am Staatsrot, si huet dunn op d'Mandat verzicht. Hiren Nofollger gouf den LSAP-Politiker Christophe Schiltz.
D'Erna Hennicot-Schoepges ass a Stëftungen engagéiert, déi sech mat dem interkulturellen Dialog, dem interreliéisen Dialog an den europäesche Kulturrouten beschäftegen. Doriwwer eraus ass si a follgenden Organisatiounen engagéiert:
- Presidentin vum Verwaltungsrot vum Institut européen de chant choral Luxembourg (INECC);
- Presidentin vum Théâtre du Centaure;
- Presidentin vun den Amis de l'Université;
- Vizepresidentin vu Promotion culturelle Luxembourg-Japon asbl
- Grënnungsmember vum Forum des Civilisations Journées d'Echternach
- Member vum Jury vun den europäesche Kulturhaaptstiet;
- Vizepresidentin vum Institute for cultural diplomacy
Publikatiounen
änneren- Hennicot-Schoepges, Erna, 1975. L'enseignement de la musique: Aspects pédagogiques. École et vie 1: 4-7. Luxembourg.
- Hennicot-Schoepges, Erna, 2008. Feuilletons européens 2007. Groupe du PPE-DE au Parlement européen, Bruxelles. 87 p.
- Hennicot-Schoepges, Erna, 2009. Feuilletons européens 2008. Groupe du PPE-DE au Parlement européen, Bruxelles. 91 p.
- Hennicot-Schoepges, Erna, & Beatrice Ungar, 2011. Von Schubert bis Praid: Leseproben einer Seelenverwandschaft. Sibiu/Hermannstadt: Honterus. 90 p. ISBN 978-973-1725-70-3.
Gielercher
änneren- Grand-croix de la Légion d'honneur (1992)
- Grand Officier de l'Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau (1999),
- Grand Officier de l'Ordre de la couronne de chêne (1990)
- Grand-Croix de l'Ordre de la Couronne du Royaume de Belgique (1994)
- Kommandør med stjerne Kongelige Norske Fortjenstorden (1996)
- Großes Goldenes Ehrenzeichen am Bande für Verdienste um die Republik Österreich[1].
Um Spaweck
ännerenCommons: Erna Hennicot-Schoepges – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten