De Musée d'Orsay zu Paräis ass an enger fréierer Gare ënnerbruecht.

Musée d'Orsay
Typ Konschtmusée, staatleche Musée, Produktiounsgesellschaft
Lokalisatioun
Land Frankräich
Gemeng 7. Arrondissement
Plaz Gare d'Orsay
Koordinaten 48°51'36"N, 2°19'35"O
Gestioun
Bedreiwer Service des Musées de France
Visiteuren/Joer 1.044.365 2021
Um Spaweck https://www.musee-orsay.fr, https://www.musee-orsay.fr
Gebai
Architekt(en) Victor Laloux
Datum vum Bau 1986
Opgaangen 1986
Genannt no Gare d'Orsay
Kollektioun
Exponater
Kaart
Lag vum Musée d'Orsay
De Musée d'Orsay

De Konschtmusée ass aus der aler Gare d'Orsay entstanen a läit um südlechen Ufer vun der Seine vis-à-vis vum Palais des Tuileries. D'Gare d'Orsay gouf am Joer 1900 vum Victor Laloux fir d'Verbindung Paräis - Orléans gebaut. Well de Wuesstem vun der Stad ëmmer méi grouss Zich gefuerdert huet, waren d'Quaie séier ze kuerz. D'Gare gouf am Joer 1939 zougemaach an 1978 als historescht Bauwierk klasséiert. Ënner der Leedung vun der Architektin Gae Aulenti gouf d'Gebai vun 1980 bis 1986 an e Musée ëmgebaut.

Weltwäit eenzegaarteg ass d'Sammlung vu franséischen Impressionisten. Och aner Kollektioune vu Biller, Skulpturen an anere Konschtobjete vu bal alle Stilrichtungen a vu villen Eenzelkënschtler aus der Zäit tëscht 1848 an 1914 si grouss a vun ausgewielter Qualitéit.

Um Spaweck

änneren
Commons: Musée d'Orsay – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.
Commons: Musée d'Orsay – Biller, Videoen oder Audiodateien