Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Joseph (Jos) Weyland, gebuer de 24. Abrëll 1943[1] ass e lëtzebuergeschen Diplomat, dee Lëtzebuerg vun 2005 bis 2008 als Ambassadeur an Amerika representéiert huet.[2] Gläichzäiteg war hien a Kanada, Mexiko a bei der Organisatioun vun amerikanesche Staaten (OAS) accreditéiert.

Joseph Weyland
De Joseph Weyland (lénks), mam OAS-Generalsekretär José Miguel Insulza
Gebuer 24. Abrëll 1943
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Institut d'études politiques de Paris
Aktivitéit Diplomat

Hie war virdru Stännege Vertrieder vu Lëtzebuerg bei de Vereenten Natiounen zu New York (1983-1984), Stännege Vertrieder bei der Europäescher Unioun (1984-1991), Ambassadeur a Groussbritannien (1993-2002), Ambassadeur vu Lëtzebuerg an der Belsch a Vertrieder bei der NATO (2003-2005).

Säin Nofollger zu Washington gouf de Jean-Paul Senninger.

Publikatiounen änneren

  • Zesumme mam Jim Cloos, Gaston Reinesch an Daniel Vignes Le traité de Maastricht. Genèse, analyse, commentaires, Bruylant 1993

Auszeechnungen änneren

Lëtzebuerg änneren

Frankräich änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Säi c.v. um Site vun der NATO
  2. Corps diplomatique, legilux.lu, Mémorial B, Nr 37, 29. Abrëll 2008