Blaise Illig

franséischen Offizéier a Schrëftsteller

De Blaise Illig, gebuer den 22. Oktober 1851 zu Achen, an och do den 19. Mäerz 1926 gestuerwen, war e franséischen Offizéier aus dem Museldepartement.

Blaise Illig
Gebuer 22. Oktober 1851
Oochen
Gestuerwen 19. Mäerz 1926
Oochen
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schrëftsteller, Offizéier

Den Illig deen den 9. September 1872 eng Option fir d'franséisch Nationalitéit ënnerschriwwen hat[1] huet sech den 11. September 1872 am 88. Infantriesregiment zu Cahors engagéiert. Duerno koum hien an d'122. Infantriesregiment op Montpellier mat deem hien als Ënnerleitnant um Tunesiekrich deelgeholl huet. Duerno gouf hie bis zu senger Pensioun Capitaine an der Trésorerie vum 72. I.R. zu Amiens.

Do krut hien 1906 seng Pension an ass op Nanzeg wunne gaangen. Beim Ausbroch vum Éischte Weltkrich gouf hien an d'Arméi zeréckgeruff a gouf Bataillounschef am 42. Territorialregiment zu Nanzeg. 1917 huet hien definitiv d'Arméi verlooss a goung zeréck a säin Heemechtsduerf Achen, wou en och gestuerwen ass.

De Blaise Illig ass den Auteur vun enger Monographie iwwer Achen déi 1928 erauskoum.

Auszeechnungen änneren

Referenzen änneren

  1. Base Léonore Note N° L1332095