Marcel Noppeney

lëtzebuergeschen Auteur

De Marcel Noppeney, gebuer de 24. Abrëll 1877 zu Lëtzebuerg, do gestuerwen de 5. Abrëll 1966, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller an Editeur.

Marcel Noppeney
Gebuer 24. Abrëll 1877
Lëtzebuerg
Gestuerwen 5. Abrëll 1966
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Marcel Noppeney (1908), Zeechnung vum Pierre Blanc an der Zäitschrëft Floréal

Liewen änneren

De Marcel Noppeney – säi Papp, den Edmond Noppeney, war Nottär zu Déifferdeng – ass zu Lëtzebuerg fir d'éischt an de Kolléisch gaangen, duerno war hien am Lycée zu Iechternach an zu Dikrech. Hien huet duerno op der Faculté de droit zu Paräis Droit studéiert. Vun 1903 u war hien ofwiesselnd zu Paräis an zu Lëtzebuerg. Hien huet d'Leedung vun der Indépendance luxembourgeoise iwwerholl, eng Zeitung, déi nëmmen op Franséisch geschriwwe war. Hien huet sech ëmmer méi fir franséisch Literatur a Kulturgeschicht intresséiert. Hie war, nieft dem Frantz Clément an dem Eugène Forman, Matgrënner vun der Literaturzäitschrëft Floréal.[1]

Am Éischte Weltkrich huet de Marcel Noppeney e Comité gegrënnt, dee franséisch a belsch Krichsaffer ënnerstëtzt huet. Bal 400 Zaldoten, déi der Krichsgefaangeschaft entkomm waren, sinn zu Lëtzebuerg verstoppt ginn. De Marcel Noppeney huet hinne falsch Pabeiere verschaaft an d'Madame Mayrisch huet si bei der ARBED beschäftegt. De 7. Juni 1915 gouf hie vun der Feldgendarmerie verhaft. Hie gouf an dräi Prozesser zum Doud verurteelt. D'Groussherzogin Marie-Adelheid ass fir hie beim däitsche Keeser intervenéiert, soudatt hien net higeriicht gouf, awer fir liewenslänglech an de Prisong vun Dietz-an-der-Lahn koum. Den 21. November 1918 gouf hie befreit.

Nom Krich huet den Noppeney sech fir eng wirtschaftlech Verbindung mat Frankräich agesat. Hie gouf fir de Vëlkerbond Juge arbitre délégué des tribunaux arbitraux mixtes. Hien huet 600 Urteeler gefält, déi alleguer vum Plenum vun der Jurisdiktioun bestätegt goufen. 1934 war hie Matgrënner vun der SELF an 1935 vum Victor-Hugo-Comité[2]. 1935 huet hien d'Schlass vu Boufer kaaft.

Wéi den Zweete Weltkrich ausgebrach ass, weigert de Marcel Noppeney sech, an d'Ausland ze flüchten. De 17. Mee 1940 gouf hie verhaft. Hie war zwéi Méint am Prisong. Hien huet sech weider den Instruktioune vun de Preise widdersat, wéi "heil Hitler" soen, Geld sammele fir däitsch Wierker, de Virnumm germaniséieren[3] etc. De 27. Mäerz 1941 gouf hie leschten Enns verhaft a säi ganzt Verméige gouf beschlagnaamt. No zwéi Méint am Prisong gouf hien an d'KZ Dachau bruecht. Lëtzebuergesch an och däitsch Frënn hu verhënnert, datt hie gestuerwen ass.

No der Befreiung huet hie Boufer total verwüst erëm fonnt. Déi gréisst Privatbibliothéik aus dem Land war och verbrannt ginn. Erëm hu Frënn fir hie gesuergt, soudatt hien erëm zu Kräfte koum. 1948 huet de Marcel Noppeney sech mat der Mado Pescatore de Villegas bestuet.

Auszeechnungen änneren

  • De 15. Juni 1919, bei enger Receptioun am Cercle, huet de Maréchal Foch perséinlech, hie mat der Croix de Chevalier vun der franséischer Éierelegioun ausgezeechent.[4]
  • Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1950)[5][6]
  • Commandeur de la Légion d'Honneur (Promotioun 1947)[6][7]
  • Commandeur de l'Ordre Adolphe de Nassau[6]
  • Commandeur de l'Ordre des Lettres et des Arts de France (Promotioun 1962)[8]
  • Officier d'Académie[6]
  • Médaille luxembourgeoise de la Resistance[6]
  • Médaille d'or de la Reconnaissance française[6]
  • Médaille de vermeil de la Reconnaissance belge[6]
  • Medaille d'argent de la Croix-Rouge française[6]
  • Plaquette d'or de la Charité française[6]
  • Plaquette d'or et de la plaquette d'argent de l'Alliance française[6]

Wierk änneren

Gedichter änneren

  • 1903: Danse macabre
  • 1907: Le Prince Avril, poésies
  • 1910: De Myrrhe, d'Encens et d'Or, poésies, floréal
  • 1920: Poèmes de la Guerre et du Bagne,
  • 1949: Signes sur le Sable, poésies
  • 1950: Stylogrammes,

Prosa änneren

  • 1932: Fresez, paysagiste et son Epoque, Linden et Hansen, Luxembourg
  • 1932: Des Lions de Rémont aux Lions de Trémont. Histoire d'un Hôtel de Ville, Joseph Beffort
  • 1933: L'Oeuvre multiple de Nicolas Liez, Linden et Hansen
  • 1934: Luxembourg 1830: La Révolution belge et la presse luxembourgeoise, Beffort
  • 1934: A Luxembourg autrefois, Beffort 3 volumes, 1934-1958, Éditions SELF
  • 1939: En Luxembourg aujourd'hui, Éditions SELF
  • 1950: Les dix Plaies de la Route, Éditions SELF
  • 1953: Contre eux, Éditions du Rappel, 1953-1955
  • 1955: Les Considérations du Baron Piç, Éditions SELF
  • 1957: France-Luxembourg

Literatur änneren

  • Anonyme, 1937. Anthologie des écrivains luxembourgeois de langue française. Les Cahiers luxembourgeois: revue libre des lettres, des sciences et des arts 14, n° 3/4: 277-480. P. Schroell, Luxembourg.
  • Gérard, Marcel, 1959. Anthologie française du Luxembourg. 328 p. Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg.
  • Koch-Kent, Henri, 1965. Marcel Noppeney, Meister der Sprache. Revue Nr. 33: ??.
  • Koch-Kent, Henri, 1993. Henri Koch-Kent raconte... remémore, relève, rectifie. P. Kraus, Imprimerie Centrale, Luxembourg, 326 S.
  • Colotte, Franck, 2016. Marcel Noppeney. Le champion luxembourgeois de la francophonie. Publication d'une anthologie de textes de Marcel Noppeney par Frank Wilhelm. Die Warte 18|2511 vum 9. Juni 2016, S. 13.
  • Wilhelm, Frank, 2016. Anthologie de textes de Marcel Noppeney. Galerie DOK_7, éditions du centre culturel de Differdange.

No him benannt änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Floréal: revue libre d'art et de littérature. Nr. 1 (Abrëll 1907) - Nr. 12 (Abrëll 1908).
  2. De Victor-Hugo-Comité huet de Victor-Hugo-Literaturmusée gegrënnt an ass de Virleefer vum Veräin Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden a.s.b.l.
  3. Cf. Koch-Kent 1993, S. 178: d'Preise wollten, datt de Marcel Noppeney säin Virnumm Marcel a Marzellus ännert
  4. Le maréchal Foch à Luxembourg op der Säit 2 vu L'indépendance luxembourgeoise vum 15. Juni 1919 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 22. Dezember 2022
  5. Memorial A N°10 vun 1950 mat der Lëscht vun de Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
  6. 6,00 6,01 6,02 6,03 6,04 6,05 6,06 6,07 6,08 6,09 Doudesannonce vum Marcel Noppeney op der Säit 8 vum Luxemburger Wort vum 6. Abrëll 1966 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 22. Dezember 2022
  7. Honneur à M. Marcel Noppeney op der Säit 3 vun d'Unio'n vum 2. August 1947 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 22. Dezember 2022
  8. Haute distinction op der Säit 5 vum Luxemburger Wort vum 29. Juni 1962 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 22. Juni 2022