Badonviller

franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meurthe-et-Moselle

Badonviller ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meurthe-et-Moselle an der Regioun Grand Est.

Badonviller
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meurthe-et-Moselle
Arrondissement Lunéville
Kanton Baccarat
Postcode 54540
Gemengecode 54040
Koordinaten 48° 30’ 00’’ N
      06° 53’ 35’’ O
Fläch  2.195 ha
Bevëlkerung  1.624 (2008)

Badonviller läit op enger Héicht vun 334 Meter am Dall vun der Blette, engem Niewefloss vun der Vezouze un den Ausleefer vun de Vogesen. D'Awunner gi Badonvillois genannt.

D'Devise vun der Uertschaft, Calme dans la tourmente, déi am Wope steet, ass och op der Primärschoul agravéiert.

Wopen änneren

Beschreiwung vum Wopen am Originaltext:

 

De gueules semées de croisettes, recroisetées au pied fiché d'or à deux saumons adossés de même l'écu, portant suspendu les croix de guerre au naturel, surmontée d'une couronne murale sommée de trois tours d'or maçonnées de sable et accosté de deux branches de sinoples (chêne et laurier) croisées en pointe et liées degueules par un ruban du même auquel est suspendue l'étoile de Légion d'honneur et devise:" Calme dans la tourmente "

Geschichtleches änneren

 
Monument vun de Gefale vum Col de la Chapelotte

Badonviller gouf an der gallo-réimescher Zäit gegrënnt a war vum 13. Joerhonnert un eng Festung. D'Festung gouf am Drëssegjärege Krich ofgerappt.

Et war d'Haaptstad vun der Grofschaft Salm-en-Vosge an duerno vum Fürstentum Salm. 1751 sinn d'Prënze vu Salm op Senones geplënnert. Badonviller blouf awer fir eng kuerz Zäit nach d'Haaptstad vun der Grofschaft, bis déi bei d'Herzogtum Loutrengen geprafft gouf.

Badonviller hat an den zwéi Weltkricher vill ze leiden, besonnesch am éischten, wéi sech am Februar/Mäerz 1915 um Col de la Chapelotte bei Angomont ferm bekricht gouf. D'Monument vun de Gefalenen an den Zaldotekierfecht sinn zu Badonviller.

Légion d'Honneur änneren

Badonviller ass eng vun de 64 franséische Gemengen déi d'Légion d'honneur kruten.

  • Citatioun vum 2. Abrëll 1929:

Ayant eu à supporter au début des hostilités les souffrances de l'occupation, et la destruction systématique de l'envahisseur, sut conserver ensuite, au cours de nombreux bombardements qui se succédèrent jusqu'à l'armistice, un courage stoïque au milieu des privations de toutes sortes, et du danger continuel, prouvant ainsi l'indomptable énergie de ses habitants et leur foi en la victoire

Nopeschgemengen änneren

Bekannt Leit déi zu Badonviller gebuer sinn änneren

Kuckeswäertes änneren

  • Den Tanks Mort-Homme aus der 2. Division blindée vum Generol Leclerc.
  • D'Sprangburen
  • D'Romanesch Kierch mat engem Klackespill dat de Big Ben nospillt.
  • Déi al Faiencerie
     
Den Zaldotekierfecht vum Éischte Weltkrich Den Tanks Mort-Homme vun der Division Leclerc Maark vun der Voie de la Liberté

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Badonviller – Biller, Videoen oder Audiodateien