Natur- a Bëschverwaltung
D'Natur- a Bëschverwaltung, meeschtens einfach Naturverwaltung genannt, offiziell Administration de la nature et des forêts, ass eng staatlech Verwaltung zu Lëtzebuerg, déi zoustänneg fir d'natierlech Ëmwelt ass. Si ënnersteet dem Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung.
![]() D'Récksäit vun der Natur- a Bëschverwaltung zu Dikrech | |
Natur- a Bëschverwaltung | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Secteur | Ëmwelt, natur |
Leedung | Michel Leytem |
Verwaltungssëtz | Dikrech |
Adress | 81, avenue de la Gare L-9233 Dikrech |
Ënnersteet der/dem | Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité |
Gegrënnt | 1 Juli 2009 |
Um Spaweck | https://anf.gouvernement.lu/fr.html, https://anf.gouvernement.lu/de.html, https://anf.gouvernement.lu/en.html, https://anf.gouvernement.lu/lb.html |
![]() |
Dës Verwaltung ass aus der Forstverwaltung (Administration des eaux et forêts) ervirgaangen, déi den 1. Juli 2009 duerch d'Gesetz vum 5. Juni 2009 op Natur- a Bëschverwaltung ëmbenannt gouf[1].
D'Natur- a Bëschverwaltung huet hiert Haaptgebai zu Dikrech.
Missiounen änneren
- Naturschutz, Erhale vun den natierleche Ressourcen, vun der Biodiversitéit a vun de Landschaften;
- Erhalen an nohalteg forstlech Verwalte vum ëffentleche Bësch[2];
- Promotioun vun enger nohalteger forstlecher Bewirtschaftung an de private Bëscher;
- Schutz an nohalteg Bewirtschaftung vum Wëld;
- Sensibiliséiere vun der Ëffentlechkeet an de Beräicher Natur a Bëscher;
- Iwwerwaachen a Police an de beräicher Naturschutz, Bëschschutz, Juegd a Fëscherei.
Centres d'accueil änneren
D'Naturverwaltung geréiert fënnef Centres nature et forêt, mat der Missioun iwwer den Naturschutz z'informéieren[3]. Vu jiddwerengem vun deene fënnef Zentre geet e Naturléierpad fort.
- Centre d'accueil Biodiversum zu Remerschen
- Centre d'accueil Ellergronn zu Esch-Uelzecht (Naturschutzgebitt Ellergronn)
- Centre d'accueil Mirador zu Stengefort
- Centre d'accueil A Wiewesch zu Manternach (Naturschutzgebitt Manternacher Fiels)
- Centre de découverte de la forêt "Burfelt" um Buerfelt zu Ënsber
Organisatioun änneren
- Direktioun mat 3 Zellen
- Divisioun vun den zentralen Déngschter (konzeptuell a funktionell Attributiounen)
- Service vun der Natur
- Service vun de Bëscher
- Divisioun vun den regionalen Déngschter (Attributiounen am operationelle Beräich)
- Arrondissementer mat Brigaden, Revéieren an aner ugebonne Servicer.
2015 beschäftegt d'Naturverwaltung 410 Mataarbechter: 280 Aarbechter, 80 Fierschteren, 20 Ingenieuren a Biologen an 30 Bureausbeamten[3].
Geographesch Opdeelung änneren
Den Territoire vu Lëtzebuerg ass a 64 Revéieren agedeelt, déi jeeweils vun engem Fierschter betreit ginn. Déi Revéiere sinn a fënnef Arrondissementer regroupéiert[4]:
- Arrondissement Nord mat 11 Revéieren:
- Haute-Sûre Sud, Grosbous, Haute-Sûre Nord, Rambrouch, Harlange, Hosingen, Wiltz, Clervaux, Wincrange, Kiischpelt, Weiswampach.
- Arrondissement Centre-Est mat 14 Revéieren:
- Berdorf, Tandel, Rosport-Mompach, Marscherwald, Rosport-Mompach, Beaufort, Consdorf, Larochette, Echternach, Vianden, Schieren, Medernach, Diekirch, Ettelbruck.
- Arrondissement Centre-Ouest mat 14 Revéieren:
- Boevange, Mersch/Ouest, Beckerich, Mersch/Est, Hobscheid, Steinsel, Steinfort, Kehlen, Lorentzweiler, Bissen, Mamer, Colmar-Berg, Redange, Préizerdaul.
- Arrondissement Est mat 15 Revéieren:
- Grünewald, Schengen, Flaxweiler, Wormeldange, Dalheim, Grevenmacher, Contern, Betzdorf, Grünewald, Niederanven, Senningerberg, Remich, Junglinster, Manternach, Biwer.
- Arrondissement Sud mat 12 Revéieren:
- Sanem, Differdange, Strassen, Luxembourg, Roeser, Clemency, Luxembourg, Dudelange, Bettembourg, Kayl, Leudelange, Esch/Alzette
D'Naturverwaltung am Laf vun der Zäit änneren
Am Laf vun der Zäit huet den Numm vun der Verwaltung changéiert[5]:
- Administration forestière (Ordonnance royale grand-ducale vum 1. Juni 1840[6])
- Administration des eaux et forêts (Gesetz vum 7. Abrëll 1909[7])
- Administration de la nature et des forêts (Gesetz vum 5. Juni 2009[1])
Och den Titel vum Chef vun der Verwaltung gouf mat der Zäit ugepasst[5]:
- “maître forestier” (Ordonnance royale grand-ducale vum 1. Juni 1840)
- “garde général en chef” (Gesetz vum 14. November 1849[8])
- “inspecteur des eaux et forêts” (Gesetz vum 17. Mee 1874[9])
- “directeur” (Gesetz vum 7. Abrëll 1909[7])
D'Leit un der Spëtz vun der Forstverwaltung mat dem Joer vun der Nominatioun[10]:
- Bernhard Wilhelm Herget (1839)
- Charles Ernest Frédéric Dumont (1846)
- Jean-Pierre-Joseph Koltz (1879)
- Jean Pierre Stumper (1899)
- Jean Nicolas Badu (1904, Inspekter; 1909 Direkter)
- Jules Salentiny (1918)
- Hubert Bertrang (1922)
- Albert Augustin (1929)
- Victor Hippert (1937)
- Nicolas Obertin (1946)
- Guillaume Rischard (1954)
- Emile Gillen (1963)
- Paul Decker (1977)
- Edmond Lies (1991)
- Jean-Jacques Erasmy (2001)[11]
- Frank Wolter (2012)
- Michel Leytem[12] (2023)
Literatur änneren
- Bernard-Lesceux & F. Wolter (coord.), 2015. 1840-2015. Administration de la nature et des forêts. 175 Joer am Déngscht vu Mënsch an Natur. 244 S. Imprimerie Faber, Miersch. ISBN 978-99959-868-5-8
- Massard, J.A., 2015. Beitrag zur Geschichte der luxemburgischen Forstverwaltung: Bernhard Herget, “maître forestier” in Luxemburg, und dessen Nachfolger an der Spitze der Verwaltung Dumont, Koltz und Stümper. Online Publikation.
- Wolter, F., 2015. Aperçu de l'évolution historique de l'Administration depuis sa création en 1840. In: Administration de la nature et des forêts, 1840 - 2015: 175 Joer am Déngscht vu Mënsch an Natur. Luxembourg, Administration de la nature et des forêts, S. 141-189.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Natur- a Bëschverwaltung – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ 1,0 1,1 Loi du 5 juin 2009 portant création de l'Administration de la nature et des forêts - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-19.
- ↑ Den ëffentleche Bësch, op Franséisch forêt soumise genannt, besteet aus Bëscher, déi dem Staat, de Gemengen, den ëffentlechten Etablissementer oder de Kierchefabrécken gehéieren
- ↑ 3,0 3,1 Rita Ruppert, 2015. "Administration de la nature et des forêts" besteht seit 175 Jahren. Luxemburger Wort vum 18. Juni 2015, S. 18.
- ↑ Directory. anf.gouvernement.lu (2018-02-15). Gekuckt de(n) 2020-07-09.
- ↑ 5,0 5,1 Wolter 2015, S. 173.
- ↑ Ordonnance royale grand-ducale du 1er juin 1840 concernant l'organisation de la partie forestière. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-19.
- ↑ 7,0 7,1 Loi du 7 avril 1909 concernant la réorganisation de l'Administration des Eaux et Forêts. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-19.
- ↑ Loi forestière du 14 novembre 1849. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-19.
- ↑ Loi du 17 mai 1874 sur les traitements du personnel supérieur de l'administration forestière. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-19.
- ↑ Wolter 2015, S. 181.
- ↑ Conseil de gouvernement: Résumé des travaux du 20 septembre 2001
- ↑ (fr)Un nouveau directeur pour l'Administration de la nature et des forêts au 1er novembre 2023. gouvernement.lu (2023-10-20). Gekuckt de(n) 2023-10-20.