De Schéissendëmpel ass e klenge Waasserfall am Ënnerlaf vun der Schwaarzer Iernz mat enger „rustikaler“ Bréck. Den Numm bezeechent och de Lieu-dit laanscht dem CR121 an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz, op der Héicht vum Waasserfall.

Schéissendëmpel
An anere Sproochen de: Schiessentümpel
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Konsdref
Waldbëlleg
Buergermeeschter

Marco Bermes

Andrée Henx-Greischer
Koordinaten 49° 47’ 06.2’’ N
      06° 17’ 57.4’’ O

Geschicht vun der Bréck

änneren

Am Joer 1877 waren am Staatsbudget dräi kleng Brécken („trois ponts miniatures“) am Mëllerdall virgesinn. De Projet gouf de 15. Januar 1880 vum deemolege Generaldirekter (d.&nsbp;h. Minister) fir d'Justiz Paul Eyschen an der Chamber virgestallt.

D'Pläng fir d'Bréck vum Schéissendëmpel ware vum Dikrecher Bezierksingenieur Antoine Hartmann ausgeschafft ginn an de Baukondukter Michel Dondelinger vun Iechternach huet dunn de Steemetzer Jean-Pierre Prommenschenkel mat den Aarbechte beoptraagt[1].

Allgemeng gëtt ugeholl, datt d'Bréck 1879 gebaut gouf[2].

Geographie

änneren

De Schéissendëmpel läit op der Schwaarzer Iernz, ronn ee Kilometer südwestlech vum Mëllerdall an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz.

Literatur

änneren

Eeler touristesch Publikatiounen

änneren

De Schéissendëmpel gouf scho kuerz no sengem Bau an Touristeguiden ernimmt:

  • Marie Adrien Perk, 1880, Schetsen uit Luxemburg, Ed. H. D. Tjeenk Willink, Haarlem.
  • Adolphe Reuland, 1881, Das romantische Ernzthal, oder, Fels und seine Umgegend: ein Handbuch als Führer für Touristen, zuglich zur Unterhaltung für Jugend und Volk, Ed. P. Brück.

Um Spaweck

änneren
Commons: Schéissendëmpel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Jean Schmit, 2016
  2. Jos A. Massard, 2016