Leader ass eng Initiativ vun der Europäescher Unioun fir d'Fërderung vun der Entwécklung vum ländleche Raum. De Kierzel steet fir "Liaisons entre actions de développement de l'économie rurale".

Den offizielle Leader-Logo

D'Leader-Approche encouragéiert d'Bevëlkerung an hir Vertrieder a Veräiner a Gemenge fir sech Gedanken iwwer d'Entwécklungspotential vun hirem Gebitt ze maachen an hir Schlussfolgerungen a Form vun Entwécklungsprojeten ëmzesetzen. Idealerweis geschitt dat am Kader vu Partnerschaften tëscht verschiddenen Acteure vun der ländlecher Entwécklung wéi z. B. Vertrieder vu soziokulturelle Vereenegungen a Representanten aus Tourismus, Wirtschaft, Schoulwiesen an aus der lokaler a regionaler Politik. Haaptziler sinn dobäi d'Verbesserung vun der Liewensqualitéit an d'Diversifizéierung vun der regionaler Ekonomie.

Follgend Elementer spillen an der Leader-Initiativ eng wichteg Roll:

  • Ausschaffe vun enger multisektorieller Entwécklungsstrategie (business plan) fir e kloer ofgegrenzt Gebitt dat tëscht 10.000 an 100.000 Awunner huet.
  • Zesummestelle vu lokalen Aktiounsgruppen (ofgekierzt LAG[1]), un deene sech Partner aus dem ëffentlechen a private Secteur bedeelegen. De private Secteur muss op d'mannst mat 50 % vertruede sinn.
  • Bottom-up-Approche, bei där d'Iddie vun de Leit kommen an hir Ëmsetzung vun enger regionaler Partnerschaft matgedroe gëtt.
  • D'Projete sollen innovativ sinn.
  • Duerchféiere vu gemeinsame Projete mat aneren Aktiounsgruppen zu Lëtzebuerg an am Ausland.

Geschicht änneren

D'Europäesch Kommissioun huet d'Initiativ Leader 1989 an d'Liewe geruff fir de ländleche Raum, deen am Ëmbroch war an u Bedeitung verluer huet, ze stäipen, him nei Entwécklungschancen z'erschléissen a ganz einfach en neie Wee ze probéieren. Prioritär Ziler waren d'Schafe vun neien Aarbechtsplazen an d'Verbesserung vum soziokulturelle Liewen.

Bis elo gouf et 4 Oploe vun der Initiativ:

  • 1989-1993: Leader I
  • 1994-1999: Leader II
  • 2000-2006: Leader +
  • 2007-2013: Leader

Leader zu Lëtzebuerg änneren

Leader I änneren

Den Ufank vun der Initiativ hunn zu Lëtzebuerg eng Handvoll Gemengen aus dem Uewersauer-Gebitt gemaach.

Beispill vun engem bekannte Projet: Téi vum Séi.

Leader II änneren

Tëscht 1994 an 1999 gouf d'Zilgebitt vun der Initiativ op de ganzen Norde vum Land ausgebreet. Et sinn 2 Leader-Gruppen entstanen:

  • LAG Réiden-Wolz am Weste vum Éislek
  • LAG Klierf-Veianen am Nordoste vum Éislek

Beispill vun engem bekannte Projet: Guichet unique PME

Leader + änneren

Tëscht 2000 an 2006 gouf d'Zilgebitt vun der Initiativ op de ganze ländleche Raum vum Land ausgeweit. 4 Leader-Gruppe konnten europäesch Hëllefe kréien:

  • LAG Réiden-Wolz am Weste vum Éislek
  • LAG Klierf-Veianen am Nordoste vum Éislek
  • LAG Mëllerdall am Nordoste vum Guttland
  • LAG Miselerland am Oste vum Guttland

Eng fënneft Grupp ass am Westen entstanen an ass ouni europäesch Hëllef, mä mat lokalen an nationale Mëttele finanzéiert ginn:

  • LAG Äischdall+ am Weste vum Guttland

Beispill vun engem bekannte Projet: Konzept an Ariichtung vun Internetstuffen a Koordinatioun vu Computer- a Sproochecoursen iwwer den Tripticon an der Regioun Norden.

Leader änneren

Follgend lokal Aktiounsgruppen hunn am Kader vun der neier Fërderperiod en Aktiounsprogramm eraginn:

  • LAG Réiden-Wolz am Weste vum Éislek
  • LAG Klierf-Veianen am Nordoste vum Éislek
  • LAG Mëllerdall am Nordoste vum Guttland
  • LAG Miselerland am Oste vum Guttland
  • LAG Mamer-, Äisch- an Atertdall+ am Weste vum Guttland

Fir den Zäitraum 2007-2013 stinn de Leader-Gruppen europäesch Fërdermëttele vu 5,2 Mio. € zur Verfügung, dëst am Kader vum nationale Programm fir d'Entwécklung vum ländleche Raum[2].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

  Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.

Referenzen änneren

  1. Op Däitsch: Lokale Aktionsgruppe (LAG); op Franséisch: Groupe d'action locale (GAL)
  2. Op Däitsch: nationales Entwicklungsprogramm Ländlicher Raum (ELR). Cf. Programme de développement rural du G.-D. de Luxembourg (2007-2013) / « Pour une campagne vivante ». Ministère de l'agriculture, de la viticulture et du développement rural, gouvernement du grand-duché de Luxembourg. Version approuvée le 19 octobre 2007 par la Commission Européenne ( CCI 2007 LU 06 RPO 001 ) PDF > 6 MB.