Der Geiger von Echternach

(Virugeleet vu(n) De laange Veit)

Der Geiger von Echternach ass en Oratorium vun der Lou Koster, dee si 1966 an der Kënschtlerresidenz vun der Famill Mayrisch zu Cabris geschriwwen huet.

Well si an hirem héijen Alter bei schwaacher Gesondheet war, huet si de jonke Museker Pierre Cao gebieden, d'Orchestratioun fäerdeg ze schreiwen. D'Ballade baséiert op engem Text vum Nik Welter, dee sengersäits op eng So, déi de Jacques Collin de Plancy 1842 publizéiert hat, zeréckgegraff huet.

Der Geiger von Echternach erzielt d'Geschicht vum „laange Väit“, e Geiespiller aus dem Mëttelalter, deen nodeem e laang fort war rëm zeréck a seng Heemechtsstad Iechternach koum. Seng Famill, déi an der Tëschenzäit säi Besëtz iwwerholl hat, klot hien un, seng Fra ëmbruecht ze hunn. Deen Dag wou den onschëllege Veit soll gehaange ginn, spillt hien eng lescht Kéier op senger Gei an deet duerch säi magescht Spill all d'Leit, déi sech do versammelt haten, onendlech wëll danzen.

Der Geiger von Echternach gouf den 9. Juli 1972 an der Iechternacher Basilika fir d'éischt opgefouert. Weider Opféierunge waren 1974 an 1990, zulescht 2009[1].

Referenzen änneren

  1. Den Orchestre philharmonique du Luxembourg an de Choeur national du Luxembourg ënner der Leedung vum Pierre Cao, mat de Solisten Anja Van Eengeland (Sopran), Jeff Martin (Tenor) an Ekkehard Abele (Bariton) hunn d'Ballad donneschdes de 17. September 2009 am Stater Conservatoire an dem 18. September am Trifolion zu Iechternach opgefouert. Dës Opféierunge goufe vum CNA an dem BCE (Broadcasting center Europe) opgeholl. D'CDe kommen am Fréijoer 2010 eraus.