Meesebuerg
Uertschaft an der Gemeng Fiels
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Meesebuerg ass eng Uertschaft an der Gemeng Fiels.
Meesebuerg | |
---|---|
Den Dall vun der Manzebaach mam Schlass vu Meesebuerg | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Meysembourg de: Meysemburg |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Gemeng | Fiels |
Buergermeeschter | Mirko Martellini |
Awunner | 1 |
1. Januar 2022 | |
Héicht | 348 m |
Koordinaten |
49° 46’ 13’’ N 06° 11’ 14’’ O |
Geographie
ännerenD'Uertschaft läit knapp 2 km ëstlech vun Angelsbierg, um Wupp vum CR117 deen als Sakgaass dohi féiert. Vu Meesebuerg leeft och nach e Gemengewee – dee fir den Duerchgangsverkéier gespaart ass – a Richtung Norden, an huet beim Haff Guddelt Uschloss un den CR118.
Potamologie
ännerenAn de Wisen hanner dem Meesebuerger Schlass, a Richtung Angelsbierg, entspréngt d'Manzebaach op enger Héicht vun ongeféier 350 m. Se leeft dann op Meesebuerger Gronn mat der Wisebaach an de Meesebuerger Weier, duerno duerch deen Dall, deem si op iwwer 2 km hiren Numm ginn huet. De leschten Deel leeft si iwwer Iernzer Buedem a leeft zu Iernzen dann an d'Wäiss Iernz.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Manzebaach.
Kuckeswäertes
änneren- D'Schlass vu Meesebuerg
- d'Kierch an de Kierfecht vu Meesebuerg
-
d'Kierch Meesebuerg gehéiert mam Mobiliar a Kierfecht zu den nationale Monumenter
-
Grafsteen um Meesebuerger Kierfecht
-
Allee um CR117 a Richtung Angelsbierg
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Meesebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Historesch Biller
änneren-
Schlass Meesebuerg, Foto vum Charles Bernhoeft, 1891