Noumerleeën

Fielsformatiounen an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz

D'Noumerleeë si Fielsformatiounen an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz, am Weste vun der Gemeng Fiels.

Noumerleeën
An den Noumerleeën
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Fiels
Koordinaten 49° 46’ 50.77’’ N
      06° 10’ 12.11’’ O
Fläch 142 ha

Op engem relativ klengen Areal gi se e gutt Bild vu quasi alle geologesch interessanten Aspekter vun der ganzer Sandsteeregioun aus der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz. Et gëtt verschidde Schichte vun Oflagerungen a Spuere vun der Verwitterung ze gesinn, absënns d'Wabeverwitterung, déi u Beiewaben erënnert. Nieft de Schlëff, also enke Passagen duerch de Fiels, gëtt et och eng Rëtsch Hallefhiele wou ee nach gesäit, datt déi fréier benotzt goufen.

Um Flouer Alebuerg gëtt et Iwwerreschter vun enger réimescher Réckzuchsbuerg, déi zanter dem 14. September 2018 op der Lëscht vun den nationale Monumenter steet.[1]

De Bësch an deem d'Noumerleeë leien, gouf duerch e groussherzoglecht Reglement vum 9. Juni 2021 zu engem Naturschutzgebitt vun allgemengem Intressi, dem Naturschutzgebitt Noumerleeën, ausgewisen.[2]

D'Noumerleeë sinn eng beléift Destinatioun fir Trëppeltier a kënnen iwwer den Auto-pédetre „Nommern 1“ oder den „Extra Tour A“ vum Mëllerdall Trail entdeckt ginn.

Ursprong änneren

D'Noumerleeë sinn en Deel vun der nordwestlechter Cuesta vum Lëtzebuerger Sandsteen, déi an der Zäit vum Lias ofgelagert an duerno ofgedroe goufen. De Stufenhang geet géi iwwer déi hiwweleg Mergellandschaft an d'Luucht. De Mergel ass eng Mëschung aus Tounmineralien an Dolomit, deen an der Zäit vum Keuper – virun 210 bis 230 Millioune Joer – entstanen ass.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Noumerleeën – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Règlement grand-ducal du 9 juin 2021 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle, la zone « Nommerlayen » sise sur les territoires des communes de Nommern et Larochette..