Haaptmenü opmaachen
D'Halerbaach, wou d'Haupeschbaach dra leeft, tëscht de Sandsteefielsen; nationaalt Monument
Quellgebitt vun der Halerbaach, hannen am Bild de Kelleschhaff.

Halerbaach ass eng lëtzebuergesch Baach am Kanton Iechternach an deelweis op der Grenz mat dem Kanton Dikrech.

Si huet hir Quellen an engem fiichte Gebitt westlech vum Kelleschhaff tëscht Suewelbur a Freckeisen, op den zwou Säite vum CR 356, op enger Héicht vu ronn 370 Meter. Si leeft vun do no Norden, lénks laanscht den Niesendallerhaff a riets laanscht Suewelbur, vu wou eng kleng Baach vu lénks dobäikënnt. Do leeft se dann ënner dem CR358 erduerch a verschwënnt da lues a lues an enger Griecht tëscht dem Pletschterhaff an dem Flickenhaff fir dann no Osten a Richtung Halermillen ze lafen. Op deem Wee kommen nach vu lénks d'Siwebaach an d'Tollbaach dobäi.

Op der Halermillen geet et ënner dem CR128 erduerch, an direkt duerno kënnt vu lénks d'Bächelche Ramerbur dobäi. Eng 900 Meter weider gëtt se vun der Haupeschbaach, déi vu Beefort kënnt, gefiddert.

Op enger Héicht vun 190 Meter vun der Dominiksmillen un, gëtt hiren Dall da méi breet, a 700 Meter duerno leeft se, op enger Héicht vun 187 Meter, op der Vugelsmillen an d'Schwaarz Iernz.

D'Géigend ëm d'Halerbaach steet zanter 1938 op der Lëscht vun de Monuments classés déi deemools Liste des monuments et des sites classés geheescht huet.[1].

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Halerbaach – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren