D'Manzebaach ass eng Niewebaach vun der Wäisser Iernz. Si entspréngt an de Wisen hanner dem Meesebuerger Schlass, a Richtung Angelsbierg, op enger Héicht vun ongeféier 350 m. Si leeft dann op Meesebuerger Gronn, laanscht d'Meesebuerger Schlass, mat der Wisebaach an de Meesebuerger Weier, duerno duerch deen Dall, deem si op iwwer 2 km hiren Numm ginn huet. De leschten Deel leeft si iwwer Ierzner Buedem, a mécht deelweis d'Grenz tëscht der Fiels an Iernzen.

Geschicht änneren

Den Dall duerch deen d'Manzebaach leeft, huet fréier zur Propriétéit vum Meesebuerger Schlass gehéiert. D'Grenz an der Fiels war mat enger Mauer an enger Eisepaart hermetesch zou. Nom Zweete Weltkrich koum de Besëtz vun de Meesebuerger ënner "Sequester". No an no gouf den Dall fir all Mënsch zougänglech.

Op der Mëndung vun der Manzebaach an d'Wäiss Iernz gouf et bis an d'Sechzeger Jore vum 20. Joerhonnert eng Gäertnerei, där déi zwou Baachen nawell ganz geleeë koumen. Enn der 1990er Jore gouf bei engem schwéiere Stuerm, vis-à-vis vum fréiere Gäertner sengem Wunnhaus, e ganzen Hektar gesond Beem wéi Fixspéin ewechgeblosen. Dobäi gouf een Haus sou staark beschiedegt, datt et huet missen ofgerappt ginn.

Vis-à-vis vun der Gäertnerei ware Wäschbueren. Nieft der Gäertnerei gouf et bis ongeféier 1970 d'Wiertschaft Tivoli mat Keelebunn. Lo huet eng Multimedia-Produktiounsfirma hire Firmesëtz an deem Gebai.

Um Spaweck änneren