Klausjürgen Wussow
däitsche Schauspiller
De Klausjürgen Wussow, gebuer den 30. Abrëll 1929 zu Cammin a Pommern, haut Kamień Pomorski Polen, a gestuerwen den 19. Juni 2007 zu Rüdersdorf bei Berlin, war en däitsche Schauspiller.
Klausjürgen Wussow | |
---|---|
Gebuer | 30. Abrëll 1929 |
Gestuerwen |
19. Juni 2007 Rüdersdorf |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher |
Famill | |
Bestuet mat | Ida Krottendorf |
Kanner | Barbara Wussow, Alexander Wussow |
Nieft senge Filmrolle war de Klausjürgen Wussow och an TV-Serien ze gesinn, sou an de 26 Episode vun Der Kurier der Kaiserin. Bekannt beim grousse Publikum ass hien awer duerch d'Serie Die Schwarzwaldklinik ginn, déi et vun 1985 bis 1989 op 71 Episode bruecht huet.
De Klausjürgen Wussow ass de Papp vun de Schauspiller Barbara Wussow an Alexander Wussow.
Filmographie
ännerenKino
änneren- 1958: Blitzmädels an die Front, vum Werner Klingler
- 1959: Arzt aus Leidenschaft, vum Werner Klingler
- 1960: Endstation Rote Laterne oder Blonde Mädchen für Havanna, vum Rudolf Jugert
- 1960: Der rote Kreis, vum Jürgen Roland
- 1960: Soldatensender Calais, vum Paul May
- 1960: Eine Frau fürs ganze Leben, vum Wolfgang Liebeneiner
- 1960: Agatha, laß das Morden sein!, vum Dietrich Haugk
- 1961: Der grüne Bogenschütze, vum Jürgen Roland
- 1961: Im sechsten Stock, vum John Olden
- 1961: Das letzte Kapitel, vum Wolfgang Liebeneiner
- 1962: Heißer Hafen Hong Kong, vum Jürgen Roland
- 1964: Die Tote von Beverly Hills, vum Michael Pfleghar
- 1967: Comando de asesinos, vum Julio Coll
- 1967: Con la muerte a la espalda, vum Alfonso Balcázar
- 1975: Monika und die Sechzehnjährigen, vum Charly Steinberger
- 1978: Götz von Berlichingen mit der eisernen Hand, vum Wolfgang Liebeneiner
- 1981: Der Bockerer, vum Franz Antel
- 1985: Nägel mit Köpfen, vum Wigbert Wicker
- 1986: Bitte laßt die Blumen leben, vum Duccio Tessari
- 1992: Venti dal Sud
TV (Auswiel)
änneren- 1970 - 1971: Der Kurier der Kaiserin. TV-Serie (26 Episoden)
- 1974: Sergeant Berry, TV-Serie (13 Episoden)
- 1985 - 1989: Die Schwarzwaldklinik, TV-Serie (71 Episoden)
- 1996 - 2003: Klinik unter Palmen, TV-Serie (23 Episoden)
Literatur
änneren- Barbara Wussow, Alexander Wussow: Klausjürgen Wussow. Sein Leben mit Ida Krottendorff. Erinnerungen. Edel Vita, Hamburg 2009, ISBN 978-3-941378-16-2.
- Klausjürgen Wussow: Mein Leben als Chefarzt Dr. Brinkmann von der Schwarzwaldklinik. Bastei Lübbe, Köln 1985, ISBN 3-404-10725-X.
- Klausjürgen Wussow: Professor Brinkmann und ich. Bastei Lübbe, Köln 1987, ISBN 3-404-10934-1.
- Klausjürgen Wussow: Bitterer Kaffee. Bastei Lübbe, Köln 1994, ISBN 3-404-12260-7.