Horst Tappert

däitsche Schauspiller

Den Horst Tappert, gebuer de 26. Mee 1923 zu Elberfeld, a gestuerwen den 13. Dezember 2008 zu Planegg bei München, war en däitsche Schauspiller.

Horst Tappert
Um Emfank beim Bundeskanzler (1971)
Gebuer 26. Mee 1923
Elberfeld
Gestuerwen 13. Dezember 2008
Planegg
Doudesursaach Zockerkrankheet
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Filmregisseur

Hie war virun allem bekannt fir seng Roll als Haaptinspekter Stephan Derrick an der däitscher Krimi-Televisiounsserie mam selwechten Numm.

Nodeem den Horst Tappert jorelaang Amateur-Theaterschauspiller war, huet hien d'Schauspillerei 1967 zu sengem Beruff gemaach. Op der Televisioun huet hien an den 1960er Joren dacks "Béiser" gespillt, an den 1970er ass hien an der Krimiserie Der Kommissar opgetrueden, dës Kéier als Polizist, an huet, nodeem dës Serie 1974 ofgesat gouf, d'Haaptroll an enger neier Serie mam Numm Derrick iwwerholl. Vun Derrick sinn tëscht dem 30. Juli 1973 an dem 17. Dezember 1997 281 Episode gedréint ginn, an d'Serie war an 108 Länner ze gesinn.

Den Horst Tappert huet parallel awer weider Theater gespillt. Zu Lëtzebuerg ass hien notamment 1969 (Das kleine Teehaus vum John Patrick), 1973 (Die Hose vum Carl Sternheim) an 1986 (Die leichten Herzens sind vum Emlyn Willimas) opgetrueden. Beim leschte Stéck huet huet hien zousätzlech Regie gefouert.[1]

Filmographie änneren

Kino änneren

Televisioun änneren

als Schauspiller änneren

  • 1961: Zu viele Köche - TV-Serie - 5 Episoden
  • 1962: Das Halstuch - TV-Mini-Serie - 5 Episoden
  • 1966: Die Gentlemen bitten zur Kasse - TV-Serie - 3 Episoden
  • 1974–1998: Derrick - TV-Serie - 281 Episoden

als Regisseur änneren

  • 1986–1997: Derrick - TV-Serie - 11 Episoden

Um Spaweck änneren

Commons: Horst Tappert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Tageblatt 16.12.2008, S.18.