Selma Lagerlöf

schweedesch Schrëftstellerin

D'Selma Ottilia Lovisa Lagerlöf, gebuer den 20. November 1858 um Haff Mårbacka an der haiteger Gemeng Sunne, am Värmland (Schweden) an och do de 16. Mäerz 1940 gestuerwen, war eng schweedesch Schrëftstellerin.

Selma Lagerlöf
Portrait vun 1909
Gebuertsnumm Selma Ottilia Lovisa Lagerlöf
Gebuer 20. November 1858
Gestuerwen 16. Mäerz 1940
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Schweden
Aktivitéit Romancier, Kannerbuchauteur, Biograph, Enseignant, Dichter, Schrëftsteller, Prosaist, Iwwersetzer, Autobiograph, Auteur
Member vun Schweedesch Akademie, Samfundet De Nio, Svenska hem
Famill
Papp Erik Gustaf Lagerlöf
Mamm Elisabet Lovisa Wallroth

Si ass eng vun de bekanntste Schrëftstellerinnen aus hirem Land an ee vun de puer schweedeschen Auteuren, déi zu der Weltliteratur gezielt ginn. 1909 huet si - als éischt Fra - den Nobelpräis fir Literatur kritt a gouf 1914 - och als éischt Fra - an d'Schweedesch Akademie opgeholl.

Si huet reliéis, fantasievoll an heemechtverbonne Wierker, sou wéi och Kannerbicher, geschriwwen. Eent vun hire bekanntste Wierker ass de Roman Nils Holgerssons underbara resa genom Sverige (däitschen Titel: „Die wunderbare Reise des kleinen Nils Holgersson mit den Wildgänsen“, 1906–1907).

Nodeems si 10 Joer als Léierin geschafft hat, gouf se 1895 fräi Schrëftstellerin.

Wierker änneren

(a Klameren: Titel vun der däitscher Iwwersetzung)

  • Gösta Berlings saga, Roman, 1891 („Gösta Berling“, 1896)
  • Osynliga länkar, Erzählungen, 1894 („Unsichtbare Bande“)
  • Antikrists mirakler, Roman, 1897 („Die Wunder des Antichrist“)
  • En herrgårdssägen, Roman, 1899 („Eine Gutsgeschichte“)
  • Drottningar i Kungahälla, 1899 („Die Königinnen von Kungahälla“. Novellen)
  • Jerusalem, Roman, 2 Bänn, 1901 an 1902 („Jerusalem“, 1902/03)
  • Herr Arnes penningar, Erzielung, 1904 („Herrn Arnes Schatz“)
  • Kristuslegender, Erzählungen, 1904 („Christuslegenden“)
  • Nils Holgerssons underbara resa genom Sverige, Roman, 1906–1907 („Die wunderbare Reise des kleinen Nils Holgersson mit den Wildgänsen“)
  • Liljecronas hem, Roman, 1911 („Liljecronas Heimat“)
  • Körkarlen, Roman, 1912 („Der Fuhrmann des Todes“)
  • Kejsarn av Portugallien, Roman, 1914 („Der Kaiser von Portugallien“)
  • Troll och människor, Erzielungen, 1915–21 („Geschichten von Trollen und Menschen“)
  • Bannlyst, Roman, 1918 („Das heilige Leben“)
  • Mårbacka, Memoiren, 1922 („Mårbacka“, 1923)
  • Romantrilogie:
    • Löwensköldska ringen, 1925 („Der Ring des Generals“, 1925)
    • Charlotte Löwensköld, 1925 („Charlotte Löwensköld“, 1926)
    • Anna Svärd, 1928 („Anna, das Mädchen aus Dalarne“, 1929)
  • Ett barns memoarer, Memoiren, 1930 („Aus meinen Kindertagen“)
  • Dagbok för Selma Ottilia Lovisa Lagerlöf, Memoiren, 1932 („Tagebuch der Selma Ottilia Lovisa Lagerlöf“)
  • Höst, 1933 („Herbst“)
  • Från skilda tider, 1943–45, posthum

Literatur änneren

  • Sibylle Schweitzer: Selma Lagerlöf. Eine Bibliographie. Schriften der Universitätsbibliothek Marburg (Band 51), Marburg 1990, ISBN 3-8185-0076-2.
  • Claudia Eberhard-Metzger: Ich bin eine Zuhörerin, eine Wiedererzählerin. In: Charlotte Kerner (Hrsg.): Madame Curie und ihre Schwestern. Frauen, die den Nobelpreis bekamen. Band II. Beltz, Weinheim 1997, ISBN 3-407-80845-3.
  • Barbara Thoma: Selma Lagerlöf. Von Wildgänsen und wilden Kavalieren, Römerhof Verlag 2013, ISBN 978-3-905894-24-0.

Um Spaweck änneren

Commons: Selma Lagerlöf – Biller, Videoen oder Audiodateien