Den Harald Reinl, gebuer den 8. Juli 1908 zu Bad Ischl, Éisträich, a gestuerwen den 9. Oktober 1986 zu Puerto de la Cruz op Teneriffa, war en däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur. Hie gouf vu senger Fra, der fréierer tschechescher Schauspillerin Daniela Maria Delis, ëmbruecht.

Harald Reinl
Harald Reinl 07665 (cropped).jpg
Gebuer 8. Juli 1908
Gestuerwen 9. Oktober 1986
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur
Famill
Bestuet mat Karin Dor
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Reinl ass besonnesch bekannt ginn duerch seng Edgar Wallace Filmer a seng Karl May Filmer aus de 60er Joren an d'Jerry Cotton-Filmer. Säin naive Stil an eng trivial Dramaturgie schleefe sech duerch all seng Filmer, déi dem Spectateur et sou erlaben, déi Béis vun de Gudden z'ënnerscheeden.

Den Héichpunkt vu senger Aarbecht waren d'Karl May-Filmer, déi an de jugoslawesche Bierger fir de Produzent Horst Wendlandt gedréit goufen.

1986 ass den Harald Reinl am Haus vun engem Bekannten op Teneriffa gestuerwen, wéi hie vu senger Fra, enger Alkoholikerin am Sträit erstach gouf.

FilmographieÄnneren

KinoÄnneren

vun 1937 bis 1949Änneren

  • 1937: Wilde Wasser - Regie zesumme mam Guzzi Lantschner (Kuerzfilm)
  • 1939: Osterskitour in Tirol - Regie zesumme mam Guzzi Lantschner (Kuerzfilm)
  • 1948: Zehn Jahre später - (Kuerzfilm)
  • 1949: Bergkristall

vun 1950 bis 1959Änneren

vun 1960 bis 1969Änneren

vun 1970 bis 1982Änneren

TVÄnneren

  • 1981: Sieben Weltwunder der Technik - (Documentaire) - (7 Episoden)
      • Cap Canaveral - Der Weltraumbahnhof
      • Die Seilbahn von Chamonix auf die Aiguilles du Midi
      • Nordsee: Die schwimmende Bohrinsel.
      • Das Tauchboot Trieste II
      • Sears Tower in Chicago
      • Mount Palomar
      • Toronto - der höchste Fernsehturm der Welt

Um SpaweckÄnneren