De Gaius Caesar Augustus Germanicus, gebuer den 31. August 12 zu Antium als Gaius Iulius Caesar a gestuerwen de 24. Januar 41 zu Roum), postum bekannt als Caligula, war vu 37 bis 41 réimesche Keeser.

Caligula
Gebuertsnumm Gaius Julius Caesar
Gebuer 31. August 12 jul.
Gestuerwen 24. Januar 41 jul.
Doudesursaach Stéchwonn
Nationalitéit Réimescht Räich
Aktivitéit Politiker

Hie war de Jong vum Germanicus an der Agrippina, an duerch seng Mamm den Urenkel vum Keeser Augustus. Wärend senger Jugendzäit goung et héich ier mat den Intrige vum ambiziéise Prätorianerpräfekt Lucius Aelius Seianus. Säi vollstännegen Titel um Enn vu sengem Liewe war Gaius Caesar Augustus Germanicus, Pontifex maximus, Tribunicia potestate IV, Consul IV, Imperator, Pater patriae.

Nom Doud vum Tiberius, de 16. Mäerz 37, gouf de Caligula den 18. Mäerz zum Keeser proklaméiert. Am Ufank war seng Regierungszäit éischter hoffnungsvoll, wann en och perséinlech schwéier Evenementer wéi den Doud vu senger Sëschter, ze verquëssen hat. Dono gouf dem Caligula seng Herrschft ëmmer méi déi vun engem autokratesche Monarch. Hien huet z. B. Dosende vu Senatoren oder héichgestallte Perséinlechkeeten dem Héichverrot ukloen an zum Doud verurteele gelooss. Mat alle Mëttelen huet hie probéiert, de Senat kleng zer halen. Et gëtt Abberzuele vu Skandalgeschichten, déi zanter senger Herrschaft iwwer hie kolportéiert ginn, wéi e seng absolutistesch Muecht missbraucht huet. Him gouf d'Motto oderint, dum metuant ("Solle se mech dach haassen, soulaang se mech fäerten") zougeschriwwen. Dobäi koum en extravaganten a protzege Liewensstil, deen en demonstrativ ausgelieft huet.

Seng Gewaltherrschaft koum op en Enn, wéi hie selwer vun der Prätorianergard, ënnert dem Cassius Chaerea, ermuert gouf. Dono koum et zu enger reegelrechter Damnatio memoriae, d.h. méiglechst vill, wat un hien erënnere géif, gouf zerstéiert.

Literatur änneren

  • Anthony A. Barrett: Caligula. The Corruption of Power. Batsford, London 1989, ISBN 0-7134-5487-3.
  • Arther Ferrill: Caligula, Emperor of Rome. Thames & Hudson, London 1991, ISBN 0-500-25112-6.
  • Theodor Kissel: Kaiser zwischen Genie und Wahn. Caligula, Nero und Elagabal. Artemis & Winkler, Düsseldorf 2006, ISBN 3-538-07233-7.
  • Sam Wilkinson: Caligula. Routledge, London/New York 2005, ISBN 0-415-34121-3 (Serie Lancaster pamphlets in ancient history).
  • Aloys Winterling: Caligula. Eine Biografie. Beck, München 2003, ISBN 3-406-50206-7; C. H. Beck, München 2012, ISBN 978-3-406-63233-4 (korrigéiert Neieditioun).

Um Spaweck änneren

Commons: Caligula – Biller, Videoen oder Audiodateien