Stanley Kubrick

US-amerikanesche Filmregisseur

De Stanley Kubrick, gebuer de 26. Juli 1928 zu New York City a gestuerwen de 7. Mäerz 1999 zu Harpenden, war en US-amerikanesche Filmregisseur.

Stanley Kubrick
Gebuer 26. Juli 1928
Bronx
Gestuerwen 7. Mäerz 1999
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun City College of New York
Aktivitéit Filmregisseur, Kameramann, Fotograf, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Filmediteur, Cadreur, Delegéierte Produzent, Schachspiller, Zeenograph, Regisseur
Member vun WGA West
Famill
Kanner Vivian Kubrick

Hie gouf als en extreem intelligente Jong ugesinn, obwuel en an der Primärschoul keng gutt Punkte mat heem bruecht huet. Am Glawen, datt en anere Kader dem Jong seng Schoulleeschtunge géif verbesseren, huet säi Papp en 1940 op Passadena am Staat Kalifornien geschéckt, fir datt hien do mat sengem Monni Martin Perveler kéint liewen.

Nodeem en awer e Joer méi spéit zeréck an d'Bronx komm ass, fir do säi lescht Schouljoer ze maachen, hat et den Uschäi wéi wann hien eng ganz aner Attitüd géintiwwer vun der Schoul hätt.

An der Hoffnung eppes ze fanne wat dem Jong géif gefalen, huet säi Papp hie mat Schachspiller a Kontakt bruecht, an dat mat dem erhoffte Resultat. De jonke Kubrick huet sech fir dat Spill passionéiert a gouf mat der Zäit en talentéierte Spiller. Schach sollt a sengem spéidere Liewen e wichtege Facteur ginn, net nëmmen als Mëttel fir géint opsässeg Schauspiller unzekommen, mä och als artistescht Motif a senge Filmer.

Dem Jack Kubrick seng Decisioun, dem Stanley e Fotoapparat fir säin 13. Gebuertsdaag ze schenken, war keen onintelligente Schachzuch: Hie gouf e begeeschterte Fotograf an huet dacks Tier duerch New York City ënnerholl, fir do en ettlech Fotoen ze maachen, fir se da schlussendlech bei engem Kolleeg an der Donkelkummer z'entwéckelen. Nodeem en eng Foto un d'Look Magazine verkaaft krut, huet en ugefaange mam Personal ze kollaboréieren an am Alter vu 17 Joer krut en eng Plaz als Léierbouf offréiert.

An de Joren duerno, krut de jonke Kubrick regulär Uweisunge fir Look a sollt en obsedéierte Kinosgänger ginn. Zesumme mat sengem Kolleeg Alexander Singer, huet sech de Kubrick iwwerluecht, de Schrëtt a Richtung Film ze maachen. Am Joer 1951 huet en all seng gespuert Suen opgebraucht fir den Documentaire Day of the Fight ze dréinen. Dee gouf gefollegt vun zwéi Filmprojeten, Flying Padre an The Seafarers déi en op Commande gedréit huet. Nodeem en erfollegräich no Sponsore gesicht a bei Schachturnéiere Präisgeld gewonnen huet, war hie bereet Fear and Desire ze dréien.

D'Dréiaarbechte fir dee Film, waren net ganz erfreelech fir de Kubrick. Säi Bestietnes mat senger Schoulfrëndin Toba Metz huet de Film net iwwerlieft. Seng nächst zwéi Filmer Killer´s Kiss an The Killing hunn him d'Opmierksamkeet vun Hollywood bruecht, an 1957 huet hie bei Paths of Glory mam Kirk Douglas Regie gefouert.

Den Douglas huet hie spéider domat beoptraagt d'Produktion vum Film Spartacus z'iwwerhuelen, an dat am Glawen, datt de Kubrick vun der Gréisst vun der Produktioun géif ageschüchtert ginn, an dem Douglas dann deementspriechend géif entgéintkommen, well dee jo och als Produzent geschafft huet. Mä et sollt ganz anescht kommen. De Kubrick huet de Projet ugeholl a wollt ufänke seng Iddien a Standarden am Film z'imposéieren. En ettlech Membere vum Filmteam waren net ganz begeeschtert vu sengem Stil. De Kameramann Russell Metty z. B. huet sech bei de Produzenten doriwwer beschwéiert, datt de Kubrick seng Aarbecht als Kameramann iwwerholl hätt. Dem Kubrick seng Reaktioun dorop war datt hie sech sollt dohi setzen an einfach näischt maachen. De Metty huet gefollegt an d'Ironie vun der ganzer Saach war déi, datt hie mam Oscar fir seng Kameraaarbecht belount gouf.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Filmographie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Stanley Kubrick – Biller, Videoen oder Audiodateien