Jerry Lewis

US-amerikanesche Schauspiller, Komiker, Filmregisseur a -produzent

Den Jerry Lewis, gebuer als Joseph Levitch de 16. Mäerz 1926 zu Newark, am New Jersey, a gestuerwen den 20. August 2017 zu Las Vegas, am Nevada, war en US-amerikanesche Schauspiller, Komiker, Filmregisseur a -produzent.

Jerry Lewis
Gebuertsnumm Joseph Levitch
Gebuer 16. Mäerz 1926
Newark
Gestuerwen 20. August 2017
Las Vegas
Doudesursaach Häerz-Kreeslafkrankheet
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Kalifornien zu Los Angeles
Aktivitéit Komiker, Filmschauspiller, Filmregisseur, Liddermécher, Schrëftsteller, Dréibuchauteur, Museker, Sänger, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Televisiounsproduzent, Regisseur, Filmproduzent, Humanitarier
Partei Republican Party
Den Jerry Lewis 2013 bei de Filmfestspiller zu Cannes

Hie gouf ufanks bekannt duerch d'Komikerduo, dat en zesumme mam Dean Martin forméiert huet; fir d'éischt duerch Varieté- an Televisiounsoptrëtter, duerno duerch Filmer. An de spéiden 1950er Joren huet den Jerry Lewis och Solo-Optrëtter a Filmer gehat, déi en an den den 1960er Jore selwer geschriwwen, produzéiert an dirigéiert huet (wourënner The Bellboy (1960), The Ladies Man (1961), The Errand Boy (1962) an The Nutty Professor (1963)). Enn vun den 1960er Joren ass et mat senger Popularitéit an den USA biergof gaangen, mä hie blouf nach laang an Europa, absënns a Frankräich, populär, wou d'Zäitschrëfte Positif a Les Cahiers du cinéma hien ënnerstëtzt hunn.

1966 huet den Jerry Lewis eng éischt Kéier de Labor Day Telethon For The Muscular Dystrophy Association op der Televisioun organisiéiert, eng Spendesammelaktioun, déi et och nach haut gëtt, an déi e bis 2011 selwer moderéiert huet.

An den 1980er Joren huet hien nach an zwéi Filmer gespillt, Hardly Working (1981) a The King of Comedy vum Martin Scorsese, wou en e Komiker spillt, dee vun engem Möchtegär-Talent genervt gëtt.

1993 war hien am Emir Kusturica sengem Arizona Dream, nieft dem Johnny Depp, der Faye Dunaway an dem Vincent Gallo, ze gesinn. Säi bis ewell leschte Film ass Max Rose, vum Daniel Noah (2013).

Filmographie änneren

Kino änneren

als Regisseur a Schauspiller änneren

als Regisseur änneren

als Schauspiller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jerry Lewis – Biller, Videoen oder Audiodateien