Vincente Minnelli

US-amerikanesche Theater-, Revue- a Filmregisseur

De Vincente Minnelli, gebuer als Lester Anthony Minnelli den 28. Februar 1903 zu Chicago am Illinois, a gestuerwen de 25. Juli 1986 zu Beverly Hills, a Kalifornien, war en US-amerikanesche Theater-, Revue- a Filmregisseur, dee besonnesch fir seng Musical-Filmer bekannt ass.

Vincente Minnelli
Gebuertsnumm Lester Anthony Minnelli
Gebuer 28. Februar 1903
Chicago
Gestuerwen 25. Juli 1986
Beverly Hills
Doudesursaach chronesch obstruktiv Longenerkrankung
Nationalitéit USA
Aktivitéit Theaterregisseur, Filmregisseur, Costumedesigner, Regisseur
Famill
Bestuet mat Judy Garland
Kanner Liza Minnelli

Hien huet seng Carrière an den 1920er Joren als Dekorateur a Costumier fir Broadway-Shows ugefaangen a gouf 1933 den artisteschen Direkter vun der Radio City Music Hall zu New York. Do huet hie bis 1940 mat Succès Revuen inzeenéiert, ier en op Hollywood fir d'Metro-Goldwyn-Mayer schaffe gaangen ass.

Am Ufank huet hien do bei e puer Mickey Rooney/Judy Garland-Filmer ënner der Regie vum Busby Berkeley matgeschafft. 1943 huet hie selwer fir d'éischt Regie gefouert. Säin zweete Film, Meet Me in St. Louis, mat der Judy Garland an der Haaptroll, hat e grousse Succès, a privat goufen hien an d'Garland eng Koppel. 1946 koum hir Duechter Liza Minnelli op d'Welt.

De Minnelli huet eng ganz Rëtsch MGM-Klassiker aus den 1940er an 1950er Jore gedréint. 1952 huet hie fir An American in Paris eng Oscar-Nominéierung als Regisseur kritt (de Film, d. h. d'Produzenten Gene Kelly a Leslie Caron kruten de Präis als "beschte Film".) Sechs krut hien dann och de Regie-Oscar fir Gigi.

Säi leschte Film war A Matter of Time, mat senger Duechter Liza, der Ingrid Bergman an dem Charles Boyer an den Haaptrollen.

Filmographie änneren

Um Spaweck änneren