Nicolas Roeg

brittesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Kameramann


Den Nicolas Jack Roeg, (CBE), gebuer de 15. August 1928 zu London an och do gestuerwen den 23. November 2018[1], war en englesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Kameramann.

Nicolas Roeg
Gebuertsnumm Nicolas Jack Roeg
Gebuer 15. August 1928
St John's Wood
Gestuerwen 23. November 2018
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Mercers' School
Aktivitéit Filmregisseur, Kameramann, Televisiounsregisseur, Filmdréibuchauteur, Regisseur
Member vun British Society of Cinematographers
Famill
Bestuet mat Susan Stephen, Theresa Russell, Harriet Harper

Liewen a Wierk änneren

Den Nicolas Roeg huet sech uganks als Kameramann en Numm gemaach. Wéi hien 1970 a sengem éischte Film Regie gefouert huet, hat hie schonn 23 Joer laang am Filmgeschäft geschafft. Absënns duerch de Gebrauch vun der Cut-up-Technik hate seng Aarbechte bei de Filmkritiker Succès.

Als Kameramann huet de Roeg fir bedeitend Filmregisseure geschafft, sou z. B. fir de Roger Corman, de Richard Lester, de Clive Donner an den John Schlesinger. Hie war als Kameramann an der Second unit um Tournage vum Lawrence of Arabia bedeelegt.

De Roeg hat ëmmer säin eegene Kapp. Beim Tournage vun Doctor Zhivago (1965) hat hie sech mat dem Regisseur an d'Hoer kritt a gouf entlooss. Doropshin huet hien als Kameramann bei Klassiker wéi dem François Truffaut sengem Fahrenheit 451 (1966) an dem John Schlesinger sengem Far from the Madding Crowd (1967), geschafft.

Vun 1957 bis 1977 war den Nicolas Roeg mat der Actrice Susan Stephen bestuet, mat där e véier Kanner hat. No der Scheedung bestit hien 1982 d'Schauspillerin Theresa Russell. Vun hiren zwee Kanner ass de Maximillian Roeg och Schauspiller ginn. No enger weiderer Scheedung huet den Nicolas Roeg sech 2004 nach eng Kéier bestuet.

Filmographie (Auswiel) änneren

als Regisseur änneren

  • Performance (Co-Regisseur mam Donald Cammell, 1970)
  • Walkabout (1971)
  • Glastonbury Fayre (Co-Regiesseur with Peter Neal, 1972)
  • Don't Look Now (1973)
  • The Man Who Fell to Earth (1976)
  • Bad Timing (1980)
  • Eureka (1983)
  • Insignificance (1985)
  • Castaway (1986)
  • Track 29 (1988)
  • The Witches (1990)
  • Cold Heaven (1991)
  • Two Deaths (1995)
  • Puffball (2007)

als Kameramann änneren

  • Jazz Boat (1960)
  • Lawrence of Arabia (Second unit Kamerateam, 1962)
  • Dr. Crippen (1962)
  • Just for Fun (1963)
  • The Caretaker (1963)
  • The Masque of the Red Death (1964)
  • Nothing But the Best (1964)
  • Code 7, Victim 5 (1964)
  • The System (1964)
  • Every Day's a Holiday (1965)
  • Doctor Zhivago (e puer Zeenen, 1965)
  • Fahrenheit 451 (1966)
  • A Funny Thing Happened on the Way to the Forum (1966)
  • Casino Royale (zousätzleche Kameramann, 1967)
  • Far from the Madding Crowd (1967)
  • Petulia (1968)
  • Performance (1970)
  • Walkabout (1971)

Referenzen an Notten änneren

  1. Kultregisseur Nicolas Roeg tot op wort.lu de 24. November 2018