Sernigerbaach

lëtzebuergesch Baach

D'Sernigerbaach ass eng Baach am Oste vu Lëtzebuerg an de Gemenge Rouspert-Mompech a Mäertert.

Si huet hir Quell eng ronn 1.100 Meter südwestlech vu Mompech an enger Zoch um Bord vun de Bëscher Honsréck a Fooscht op enger Héicht vun 340 Meter. Si leeft dann a südëstlecher Direktioun bis bei en Hank mam Numm Schuerbierg wou se dann no Osten dréint.

Duerno leeft se bei der Wollefsmillen ënner dem Viaduc deen hiren Numm dréit an deen zurTréierer Autobunn gehéiert erduerch, fir eng ronn 600 Meter duerno ënner der N10 erduerch, an eng 10 Meter weider an d'Sauer ze lafen.

Si ass 6.2 km laang.

Déi eenzeg nennenswäert Niewebaach ass d'Kléngelbaach, déi vu Mompech erfort kënnt, an Op Auleft vu lénks an d'Sernigerbaach leeft.

Chainage änneren

Kuckt och änneren