D'Ruisseau de Lipré ass eng Baach an de belschen Ardennen, an der Provënz Lëtzebuerg. Se leeft haaptsächlech um Territoire vun der Gemeng Vaux-sur-Sûre, an et ass e lénksen Niewefloss vun der Sauer.

Se huet hir Quelle westlech vu Remichampagne op enger Héicht vu 495 Meter um Bord vum Bësch Bois de Belle Eau laanscht d'Nationale 85. Vun der Quell un heescht se Ruisseau de Remichampagne.

Se leeft a Richtung Oste bis op Remichampagne, wou se no Süden dréint. Kuerz virun där Uertschaft kritt se vu lénks hir zwou éischt Niewebaachen, de Ruisseau de dessous la Corée an de Ruisseau de Vile Bileine, dobäi.

Op hirem Laf no Süden, begéint se dann nach just d'Uertschaft Remoiville, a kuerz duerno tëscht dem Bësch Bois du Boulet an dem Flouer La Tannerie ännert se hiren Numm. Bis op d'Gemengegrenz mat Léglise heescht se elo Ruisseau du Beulet, wou se hiren Numm nach eng Kéier ännert fir schliisslech als Ruiseau de Lipré, no engem Laf vu ronn 10,5 km op enger Héicht vu 400 Meter, ee Kilometer ëstlech vu Winville an d'Sauer ze lafen.