Administration du cadastre et de la topographie
Verwaltung vum lëtzebuergesche Finanzministère
D'Administration du cadastre et de la topographie, ofgekiertz ACT, am allgemenge lëtzebuergesche Sproochgebrauch Kadaster genannt, ass eng Verwaltung vum Lëtzebuerger Staat, déi dem Finanzministère ënnerstallt ass. Wéi hiren Numm et seet, këmmert si sech ëm de Kadaster an ëm d'Topographie.
Déi fréier Villa Leclerc, Sëtz vum Kadaster | |
Kadasterverwaltung | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Secteur | Kadaster, Topographie |
Leedung | Alex Haag |
Verwaltungssëtz | Lëtzebuerg |
Adress |
54, Av. Gaston-Diderich L-1420 Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Finanzministère |
Um Spaweck | https://act.public.lu/fr.html |
D'ACT huet hire Sëtz zanter 1948 an der fréierer Villa Leclerc um Belair zu Lëtzebuerg, an där de Lëtzebuerger Fuerscher an Erfinder Guillaume Justin Kroll säin experimentelle Chimieslaboratoire hat.