Bollenduerf
D'Loftkur-Uertschaft Bollendorf, op lb. Bollenduerf oder och Bollendref, läit op der Sauer am Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark a Rheinland-Pfalz. Bollendorf gehéiert als Uertsgemeng zu der Verbandsgemeng Südeifel am Äifelkrees Béibreg-Prüm.
Bollendorf lb: Bollenduerf od. Bollendref | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
Aussprooch | |
Land | Däitschland |
Bundesland | Rheinland-Pfalz |
Krees |
![]() |
Verbandsgemeng |
![]() |
Awunner | 1.766 (31 Dezember 2022) |
Fläch | 1 315 ha |
Héicht | 200 m |
Koordinaten | 49°51'11"N, 6°21'42"O |
Telefonszon | 06526 |
Postcode | 54669 |
Websäit | http://www.bollendorf.de/ |
![]() | |

Vis-à-vis, op Lëtzebuerger Säit, läit d'Bollenduerfer Bréck.
Zu Bollenduerf gehéiert den Uertsdeel Weilerbach.
Geschicht änneren
Eng éischt Kéier gouf Bollenduerf als villa bollana am Joer 716 ernimmt ginn. 1000 Joer laang war Bollenduerf enk mat der Abtei Iechternach verbonnen, d'Äbt vun do haten an der Buerg Bollenduerf, duerno am Schlass Weilerbach, hir Summerresidenz.
Wopen änneren
Wappen gespalten von Silber und Gold, vorne am Spalt ein halber, rotbewehrter schwarzer Adler, hinten ein schwarzes Balkenkreuz.
Déi lénks Schëldhalschent mat engem hallwe Reichsadler weist op historesch Relatioune mat der fréierer Reichsabtei Iechternach hin, déi riets Säit weist de Wope vun de Ritter "von Bollendorf".
Kuckeswäertes änneren
- Schlass Weilerbach no bei Bollenduerf
- Buerg Bollenduerf
- Réimesch Villa zu Bollenduerf
- Diana-Denkmal
Illustratiounen änneren
-
Réimesch Villa
-
St. Michael
-
Monument aux morts ("Helden-Monument") zu Bollenduerf virun der Kierch
-
Waasserrad
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Bollendorf – Biller, Videoen oder Audiodateien |