D'Uelbech ass eng lëtzebuergesch Baach am Éislek an der Gemeng Buerschent.

Si huet hir Quell op enger Héicht vun 320 Meter am Norde vu Méchela, um Flouer Rëmertsbierg. Vun do leeft se ganzen Zäit no Süde bis op Méchela. Am Agank vum Duerf verschwënnt se ënner dem Buedem fir a Réier weiderzelafen, an dann no ronn 300 Meter op enger Héicht vun 213 m vu lénks an d'Sauer ze lafen. Am Ganzen ass se ongeféier 1.350 Meter laang.