Minden (Sauer)

(Virugeleet vu(n) Mennen)


Minden, ass eng Uertsgemeng an der Verbandsgemeng Südeifel am Äifelkrees Béibreg-Prüm, am däitsche Bundesland Rheinland-Pfalz.

Mindnen
Wappen Minden.png
Steinheim Luxembourg Bridge 01.jpg
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees DEU Eifelkreis Bitburg-Pruem COA.svg Béibreg-Prüm
Verbandsgemeng Südeifel
Awunner 249 (30 September 2019)
Fläch 375 ha
Héicht 162 m
Koordinaten 49° 49’ 29’’ N
06° 28’ 06’’ O
Telefonszon 06525
Postcode 54310
Websäit http://www.suedeifelinfo.de
Minden in BIT.svg

Et läit un der Sauer, do wou d'Prüm draleeft, praktesch vis-à-vis vum lëtzebuergesche Steenem.

GeschichtÄnneren

Um Territoire vu Minden goufen archeologesch Fondsaachen aus der Virgeschicht a Spuere vu Siidlungen aus der réimescher a fränkescher Zäit fonnt. Eng éischt Kéier schrëftlech ernimmt gouf et als "Munda" an enger Charte aus dem 12. Joerhonnert, an där vun enger fréiere Besëtz vum Klouschter Iechternach bei enger Millen zu Munda Rieds geet. 1326 gouf do eng Kierch attestéiert.

Am 15. Joerhonnert war de Johan von Vinstingen, Falkenstein a Bettingen Besëtzer vu Minden.

Bis zu der Franséischer Revolutioun huet Minden (wéi och Menningen an Irrel) zu der Par St.-Péiter-a-Pol vun Iechternach gehéiert.

Minden (Sauer) war en Halt vun der Nims-Sauertalbahn. Haut geet iwwer den Tracé vun der fréierer Bunn e Vëloswee.

BevëlkerungÄnneren

Entwécklung vun der Zuel vun den Awunner (31. Dezember):

  • 1815 – 120
  • 1835 – 204
  • 1871 – 215
  • 1905 – 207
  • 1939 – 208
  • 1950 – 232
  • 1961 – 223
  • 1965 – 228
  • 1970 – 233
  • 1975 – 228
  • 1980 – 225
  • 1985 – 226
  • 1987 – 252
  • 1990 – 224
  • 1995 – 193
  • 2000 – 167
  • 2005 – 163
  • 2009 - 154

Quell: Statistisches Landesamt Rheinland-Pfalz

KuckeswäertesÄnneren

D'Kierch, déi am Ufank vum 12. Jh. am romanesche Stil gebaut, a 1717 vergréissert an ëmgebaut gouf. Si ass dem Hellege Sylvester geweit.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Minden – Biller, Videoen oder Audiodateien