D'Moyémont och Ruisseau de la Moyémont ass eng kleng Baach an der belscher Provënz Lëtzebuerg um Territoire vun der Gemeng Léglise.

Moyémont
Längt 4.400 m
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Zesummefloss vun 3 Grief
Plaz Traimont
Héicht 460 m
Koordinaten 49° 50’ 53.56’’ N
      05° 34’ 40.06’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Sauer
Plaz Volaiville
Héicht 408 m
Koordinaten 49° 52’ 36.82’’ N
      05° 36’ 51.38’’ O
Geographie
Land Belsch
Uertschaften Traimont, Witry, Volaiville

Si entsteet duerch den Zesummelaf vun e puer Grief eng ronn 800 Meter südwestlech vun Traimont bei engem klenge Weier. Vun do aus leeft se haaptsächlech an nordëstlecher Richtung laanscht Traimont a Witry fir eng ronn 500 Meter hanner Volaiville an d'Sauer ze lafen. D'Baach ass ronn 4.400 Meter laang.

Am ieweschte Laf heescht d'Baach och nach Ruisseau de Traimont.