Wallenduerf

däitsch Uertschaft an Uertsgemeng am Äifelkrees Béibreg-Prüm (Rheinland-Pfalz)


Wallendorf, op lb. Wuelenduerf oder Wallenduerf, ass eng däitsch Grenzuertschaft an eng Uertsgemeng an der Verbandsgemeng Südeifel am Äifelkrees Béibreg-Prüm.

Wallendorf
lb: Wallenduerf od. Wuelenduerf
Aussprooch
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees Béibreg-Prüm
Verbandsgemeng Südeifel
Awunner 369
 (31. Dezember 2022)
Fläch 871 ha
Héicht 180 m
Koordinaten 49°52'46"N, 6°17'22"O
Telefonszon 06566
Postcode 54675
Websäit http://www.wallendorf-eifel.de

Geographie änneren

Wallenduerf läit um Zesummelaf vun der Our an d'Sauer. D'Uertschaft ass duerch zwou Grenzbrécke mat Lëtzebuerg verbonnen, d'Ourbréck an d'Sauerbréck. Op der Lëtzebuerger Säit vun der Sauer läit d'Uertschaft Wallenduerfer Bréck.

Geschicht änneren

 
Wallenduerf am Joer 1944

Eng virgeschichtlech Besidelung vun der Géigend ëm Wallenduerf ass schonn fir d'Steenzäit beluecht. Statuen, Bijouen a Grafbäilage beleeën eng intensiv Besidelung duerch d'Réimer an duerno duerch d'Franken.

1136 gëtt d'Uertschaft fir d'éischt ënner dem Numm Vualcheresdorf schrëftlech festgehalen, woubäi den Numm entweeder op dat laténgescht Wuert vallis (= Dall) oder op de réimeschen Numm Valo zeréckzeféieren ass. Spéider ass vu Waildorff oder Valendorff rieds.

Bis 1789 war Wallenduerf, den Haaptuert vun enger Meierei vun der Grofschaft Veianen, am Besëtz vun den Häre vu Fiels zu Méischtref.

Am Zweete Weltkrich gouf zu Wallenduerf dräimol gekämpft an d'Uertschaft gouf dobäi gréisstendeels zerstéiert. Um grenziwwerschreidende Wanderwee "Promenade du souvenir" kann een zu Wallenduerf en intakte Bunker vum däitsche Westwall besichen.

Kuckeswäertes änneren

  • d'"Bischofskappe", e Fiels a Form vun enger Bëschofsmutz;
  • de Genovevabur, opgeriicht nom zweete Weltkrich als Erënnerung un d'Genovevafestspiele, mat deenen den Neesopbau vun der Kierch a vun der Kapell am Joer 1952 finanzéiert gouf;
  • de Fëscherbur, e klenge Duerfbur;
  • en intakte Bunker vum Westwall, deen e besiche kann;
  • de Kierfecht, an dem iwwer 300 Zaldote begruewe leien.

Illustratiounen änneren

Literatur änneren

  • Arens, Bernhard, 2009. Chronik Wallendorf – "Vu gester bis haett" – Geschichte(n) erlebt und erzählt. Europäischer Universitätsverlag 2009, ISBN 978-3-932329-63-0, 495 S., zahlreiche farbige Abbildungen – 27,5 x 21,5 cm, 1. Auflage 18. Dezember 2009, Reihe Zeitzeugen – Zeitdokumente Bd. 24.
  • Gaul, Roland, 1994/95. Zwischen Sauer und Our. Band 1 und 2. Luxemburg.
  • Karen, Fred, 1989. Kriegesereignisse im Frontabschnitt der Untersauer. Luxemburg.

Um Spaweck änneren

Commons: Wallenduerf (Äifel) – Biller, Videoen oder Audiodateien