Schlënnermanescht ass eng Uertschaft an der Gemeng Buerschent.

Schlënnermanescht
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Schlindermanderscheid
de: Schlindermanderscheid
Land Lëtzebuerg
Kanton Dikrech
Gemeng Buerschent
Buergermeeschter Annie Nickels-Theis
Awunner 144
  01.06.2021
Héicht 400 m
Koordinaten 49° 55’ 55’’ N
      06° 03’ 39’’ O

Zu Schlënnermanescht gëtt et e Keelenzenter.

Geographie änneren

D'Uertschaft läit op enger Héicht vu ronn 380 Meter (Duerschschnëtt am Duerf), um lénksen Uwänner vun der Sauer. Déi héchst Plaz um Flouer ass op der Héicht mat 471 Meter, an déi déifst ënner dem Schlënnerbierg op der Sauer mat ongeféier 230 Meter.[1]

Um Flouer vu Schlënnermanescht hunn eng Dose kleng Baachen, déi all vu lénks an d'Sauer lafen, hir Quell. Dräi dovu sinn op der topographescher Kaart mat hirem Numm ogedroen, d'Géischelterbaach, d'Schlënner an d'Tälerbaach.

Triviales änneren

Schlënnermanescht a Buerschent ginn am Michel Rodange sengem zweete Gesank vum Renert ernimmt.

De Renert wunnt op der Buerg Malpaartes. Malpaartes ass e Flouernumm zu Schlënnermanescht, an zwar den ëstlechen Hank mat Bëscher, tëscht Rëmelesch a Kampeschdell deen op d'Schlënner erofgeet.

De Bier gouf op Feischent ferm gebeetscht. Feischent läit um rietsen Uwänner vun der Sauer. De Bauerenhaff vun deem am Gesank rieds geet ass de Féischterhaff bei Buerschent.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Schlënnermanescht – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Schlënnermanescht vun der Kopp vu Buerschent aus gesinn

Referenzen änneren

  1. Den nooste Punkt op der topographescher Kaart laanscht d'Sauer, deen eng Héicht ugëtt, ass op der Kräizung vum CR320 mat der Nationalstrooss 27 op der Sektiounsgrenz mat 232 Meter