D'Schlënner, op däitsch Schlinder, ass eng lëtzebuergesch Baach am südlechen Deel vum Éislek, an de Gemenge Parc Housen a Buerschent.

Beschreiwung vum Laf änneren

Si huet hir Quell nordëstlech vun Holztem um Flouer Veianerwee, op enger Héicht vu ronn 490 Meter. Si leeft vun do aus no Süden laanscht oder duerch Holztem, Houschent, Iewescht Schlënner a fléisst op der Kräizung vum CR320 mat der N27 bei Ënnerschlënner op enger Héicht vun 230 Meter an d'Sauer.

Se huet bis zur Fusioun zur Gemeng Parc Housen d'Gemengegrenz tëscht de fréiere Gemenge Konstem an Houschent gemaach, a mécht d'Grenz haut nach vun der Ieweschter Schlënner un tëscht de Gemenge Buerschent a Parc Housen.

Gréisser Niewebaache sinn d'Kirebur, d'Lëtschbaach an d'Maarkebaach.

Toponymie änneren

Et gouf versicht, den Numm Schlënner (Schlinder) aus dem Mëttelhéichdäitschen ze deiten, an deem "slinden", schlingen, eng duebel Bedeitung hat. Engersäits war et den Numm fir den Ufank vun der Halsstrass, anerersäits war domat eng enk, ofgrondaarteg Ëffnung, eng Schlucht gemengt. An engem Dokument vun 1349 kann een uf der Slunderin fannen als Bezeechnung fir Ënner- an Iewescht Schlënner[1].

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Evy Friedrich: Ober- und Unterschlinder am Buch 100e Anniversaire Sapeurs-Pompiers Hoscheid