Ningser Baach

lëtzebuergesch Baach
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Ningser Baach ass eng Baach, déi an d'Sauer leeft.

Si entsteet um Flouer Kinek aus dem Zesummefloss vun der Ueschdrëffer Baach an enger Baach déi op 442 M (NG-L) am lieu-dit Wëllerbur bei Néngsen entspréngt.

Si ass 5,300 km laang a fléisst an nord-ëstlecher Richtung.

Tëscht Ënsber a Lëlz, leeft se an d'Sauer. Well d'Sauer op där Plaz de Stauséi vun der Uewersauer bilt, gouf den Dall vun der Ningserbaach op enger Längt vu ronn 1.600 Meter, an enger Breet vun an der Moyenne ongeféier 75 Meter, bis bei den Zesummelaf vun der Ningserbaach mat enger Baach déi vum Wealerhaff kënnt, bis op eng Héicht vun 320 Meter mat Waasser gefëllt. Déi eigentlech Héicht vum Zesummelaf mat der Sauer am fréiere Bett ass op neien topographesche Kaarten net méi festzestellen. Se däerft bei ronn 290 Meter geleeën hunn.

Kuckt och änneren