Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Uertschaft an der Gemeng Rouspert-Mompech. Fir d'Uertschaft mat engem änlechen Numm an der Gemeng Bettenduerf, kuckt wgl. Méischtref.


Méischdref ass eng Uertschaft an der Gemeng Rouspert-Mompech.

Méischdref
An der Olek zu Méischdref
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Moersdorf
de: Mörsdorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Rouspert-Mompech
Buergermeeschter Stéphanie Weydert
Awunner 408[1]
  1.1.2019
Héicht 159 m
Koordinaten 49° 44’ 44’’ N
      06° 30’ 02’’ O

Geographie

änneren

Méischdref läit tëscht Bur a Waasserbëlleg um rietsen Uwänner vun der Sauer, op enger duerchschnëttlecher Héicht vun 170 m (NG-L). Duerch Méischdref geet d'Nationalstrooss 10 an den CR135. Zu Méischdref leeft d'Kauzebaach, déi vu Giwenech aus den Hang erof kënnt, an d'Sauer.

Bis un d'Enn vum 20. Joerhonnert war eng Steekaul an der Uertschaft.

Geschicht

änneren

Archeologesch Fonntsaache weisen, datt do schonn an der Kelten-, resp. Frankenzäit Leit gewunnt hunn.[2]

Méischdref gouf als Mersdorph am 13. Joerhonnert eng éischt Kéier schrëftlech ernimmt. Deemools (a bis zu der Franséischer Revolutioun) huet et zu der Tréierer Abtei St. Maximin gehéiert, an och d'Abtei Iechternach hat do Besëtz. 1248 ass vu Murstorff rieds, an op der Ferraris-Kaart vun ëm 1775 steet d'Duerf als Merscdorf.

Kuckeswäertes

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Méischdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. "Nombre d'habitants au 02.01.2018" op rosportmompach.lu.
  2. Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.412-413.