Vaux-sur-Sûre

belsch Gemeng

Vaux-sur-Sûre ass eng belsch Gemeng an der Provënz Lëtzebuerg. Se läit un der Sauer.

Vaux-sur-Sûre
Haaptstrooss
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Awunner 5.651 (1. Januar 2018)
Fläch 13.587
Koordinaten 49° 54’ 37’’ N
      05° 34’ 01’’ O
Telefonszon 061
Postcode 6640
Websäit https://www.vaux-sur-sure.be

Den 1. Januar 2005 hunn do 4.553 Leit gelieft. D'Surface ass 135,87 km², wat deemno eng Bevëlkerungsdicht vun 33,51 Awunner op de km² mécht. Aner Sektiounen an der Gemeng sinn Hompré, Morhet, Nives, Sibret, Vaux-lez-Rosières a Juseret.

D'Gemeng Vaux-sur-Sûre wéi se haut ass, ass duerch zwou Fusiounen entstanen an zwar eng éischt fräiwëlleg 1970 wéi Morhet, Nives a Vaux-lez-Rosières sech zesummegedoen hunn an duerno wéi bei der belscher Gemengereform vun 1977 Hompré, Juseret an en Deel vu Sibret nach derbäikoumen. D'Sektioune Senonchamps an Isle-le-Pré vun der fréierer Gemeng Sibret goufe bei Baaschtnech geprafft.

D'Märei steet zu Vaux-lez-Rosières.

Aner Uertschaften an der Gemeng

änneren

Geschicht

änneren

Zanter spéitstens 1626 huet Vaux zu der sougenannter Seigneurerie hautaine vu Cobreville gehéiert, zu där och nach 7 aner Dierfer aus der Géigend gehéiert hunn.

  D'Gemeng krut hire Wopen den 18. Dezember 1991 duerch en Arrêté exécutif vun der franséischer Communautéit. Et ass den historesche Wope vun den Häre vu Cobreville.

Beschreiwung am Originaltext: D'or à la face d'azur chargée de trois coquilles du champ, et accompagnée en chef de trois merlettes de sable rangées et en pointe de deux couleuvres du même passées en sautoir.

Naturpark

änneren

Vaux-sur-Sûre läit am Parc naturel Haute Sûre Forêt d'Anlier an ass eng vun de 6 Grënnungsgemenge vum Naturpark.

Jumelagen

änneren

Vaux-sur-Sûre ass mat zwou Gemenge jumeléiert:

Um Spaweck

änneren