Gaybach
De Gaybach ass eng ronn 23 km laang Baach an der Südäifel a Rheinland-Pfalz.
D'Baach entsteet aus e puer Quellen an der Géigend vum Arnskopf, vum Bocksbart (503 m) a vum Kahlenberg (537 m) westlech vun Neierbuerg. Se leeft haaptsächlech a südlecher Direktioun, am ënneschte Laf och no Südosten, fir ongeféier 3 km südlech vu Wallendorf an d'Sauer ze lafen.
D'Baach déi am Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark leeft, begéint ënnerwee follgenden Uertschaften (vun uewen no ënnen):
- Herbstmühle
- Obersgegen mat dem Naturerlebniszentrum Gaybachtal[1]
- Körperich, do leeft de Geichlingerbach dran
- Niedersgegen, do leeft den Notzenbach dran
- Gaymühle a Gaybach (Häff an Uertsdeeler vu Biesdorf)