Baltescht Mier
D'Baltescht Mier, aus Analogie zu Däitschen och dacks Ostséi genannt, ass e Mier mat enger Fläch vu 432.800 km², dat am Norde vun Europa läit, an dat duerch d'Nordmier mam Atlanteschen Ozean verbonnen ass. Zwéi Golfe sinn en Deel dovun: de Botnesche Golf am Norden an de Finnesche Golf am Osten.
Länner, déi um Baltesche Mier leien, sinn:
- Dänemark am Westen;
- Schweden am Norwesten;
- Finnland am Nordosten;
- déi dräi Baltesch Staaten (Estland, Lettland a Litauen) a Russland (mat der Enklav vu Kaliningrad an am Finnesche Golf) am Osten;
- Polen an Däitschland am Süden.
Mam Nordmier ass et am Südweste verbonnen duerch de Kattegat an de Skagerrak.
Stied laanscht d'Baltescht Mier
änneren- Sankt Péitersbuerg (Russland) – 4 700 000 Awunner
- Stockholm (Schweden) – 743 703 Awunner (Agglomeratioun 1 823 210)
- Tricity (Polen) – Agglomeratioun vu (Gdańsk, Gdynia a Sopot) mat 1 041 000 Awunner
- Helsinki (Finnland) – 559 700 Awunner (Agglomeratioun 980 000)
- Rīga (Lettland) – 760 000 Awunner
- Kaliningrad (Russland) – 400 000 Awunner
- Tallinn (Estland) – 387 200 Awunner
- Malmö (Schweden) – 259 579 Awunner
- Kiel (Däitschland) – 250 000 Awunner
- Umeå (Schweden) – 70 955 Awunner
- Luleå (Schweden) – 45 000 Awunner
- Lübeck (Däitschland)– 216 100 Awunner
- Rostock (Däitschland) – 212 700 Awunner
- Klaipėda (Litauen) – 194 400 Awunner
- Turku (Finnland) - 174 906 Awunner
- Liepaja (Lettland) – 87 000 Awunner
- Pori (Finlande) - 76 000 Awunner
- Kotka (Finnland) - 55 000 Awunner
- Kołobrzeg (Polen) - 50 000 Awunner
- Świnoujście (Polen) - 44 600 Awunner
- Ventspils (Lettland) – 44 000 Awunner
- Visby (Schweden, Gotland) 23 000 Awunner
Inselen
ännerenStréim, déi dralafen
änneren(Déi wichtegst, dem Zär vun der Auer no, ugefaange bei Öresund):
- A Schweden
- Svartån (zu Svarte bei Ystad)
- Tommarpaån (zu Simrishamn)
- Helgeå (zu Nyehusen bei Kristianstad)
- Hemån (zu Karlskrona)
- Ljungbyån (zu Ljungby bei Kalmar)
- canal Göta (zu Mem bei Söderköping)
- Motala ström (zu Norrköping)
- Stockholms ström (zu Stockholm)
- Dalälven (zu Gävle)
- Indalsälven (zu Sundsvall)
- Ångermanälven (zu Härnöset)
- Umeälven (zu Umeå)
- Skellefteälven (zu Skellefteå)
- Luleälven (zu Luleå)
- Kalixälven (zu Kalix)
- Torne älv (zu Hapareta/Torneå)
- A Finnland
- A Russland
- Neva (zu Sankt Péitersburg)
- An Estland
- A Lettland
- An der Enklav vu Kaliningrad
- Pregolia (zu Kaliningrad)
- A Polen
- An Däitschland
- Uecker (zu Ueckermünde)
- Peene (zu Anklam)
- Recknitz (zu Ribnitz-Damgarten)
- Warnow (zu Warnemünde bei Rostock)
- Trave (zu Travemünde beiLübeck)
- Schwentine (bei Kiel)
- Schlei (bei Schleswig a Kappeln)
Wirtschaft
ännerenDuerch d'Eutrophisatioun sinn haut wéineg Fësch a vill Algen am Baltesche Mier.
Am Mëttelalter huet d'Hanse sech ronderëm d'Baltescht Mier etabléiert.
Et fueren haut daagsan, daagsaus eng 2000 Schëffer doruechter, déi 15 % vum Welttransport iwwer d'Mier ausmaachen. De Finnesche Golf ass e wichtegen Handelswee fir russesche Pëtrol (20 Milliounen Tonnen 1990, iwwer 100 Milliounen am Joer 2005), deen zu Sankt Péitersbuerg op Schëffer emgeluede gëtt.
Um Spaweck
ännerenCommons: Baltic Sea – Biller, Videoen oder Audiodateien |