Münster

Stad an Nordrhein-Westfalen, Däitschland

Münster ass mat ronn 45.000 Studenten (2009/2010) eng vun deene gréissten däitschen Universitéitsstied. Si ass och nach bekannt als Vëlosstad, mat offiziell ronn 500.000 Vëloen op eng 290.000 Awunner (2011), an enger Vëlosquot vun ongeféier 40% vun allen Trajeten an der Stad.

Münster
Land Däitschland
Bundesland Nordrhein-Westfalen
Regierungsbezierk Münster
Awunner 322.904 (31. Dezember 2023)
Fläch 302.96
Héicht 60
Koordinaten 51°57'45"N, 7°37'32"O
Telefonszon 0251
Postcode 48143–48167
Websäit https://www.stadt-muenster.de/
Jumelage mat Lublin
Maquette vum Stadzentrum, mat der Doumplaz an dem Prinzipalmaart
Den Aaséi

Geschicht

änneren

Wuel zanter dem 6. Joerhonnert louch am Beräich vun der haiteger Doumplaz déi kleng sächsesch Siidlung Mimigernaford. 793 huet de frisesche Missionnaire Liudger op der Fuert iwwer d'Münsteresch Aa e Klouschter gegrënnt, wat der Stad, déi sech do entwéckelt huet, den Numm gouf (vu lat. monasterium). D'Awunnerzuel ass gutt geklommen an 1170 krut Münster d'Stadrecht. Vum 14. bis d'16. Joerhonnert hat Münster als Member an duerno als Vorort vun der Hanse eng grouss Bedeitung. 1534 huet déi dramatesch Episod vum Deeferräich vu Münster ugefaangen, déi bis zur Proklamatioun vum Kinnekräich Zion am September 1534 gefouert huet, an de 24. Juni 1535 op en Enn goung, wéi Truppe vum Bëschof Franz von Waldeck déi belagert Stad ageholl hunn, an déi gefoltert an higeriicht Deefer an dräi eise Kierf op der Lambertikierch als Ofschreckung opgehaange goufen (d'Originalkierf hänken iwweregens nach ëmmer do). 1648 gouf zu Münster an zu Osnabrück de Westfälesche Fridde beschloss, mat deem den Drëssegjärege Krich an den Achtzegjärege Krich op en Enn koumen.

Münster huet sech och méi spéit ni duerch Industrie oder Wirtschaftsbetriber ervirgedongen, mä et sinn éischter d'Bildungs- a Verwaltungsariichtunge vun der Stad, absënns d'Universitéit, de Landschaftsverband Westfalen-Lippe an d'Bezierksregierung, déi der Stad hire Stempel opgedréckt hunn an hir de Spëtznumm "Schreifdësch vu Westfalen" abruecht hunn. Als Handelsstad ka Münster awer och nach ëmmer punkten, an an de Randberäicher an am Ëmland spillt d'Landwirtschaft eng wichteg Roll.

Zanter 1915 huet Münster offiziell de Status vun enger Groussstad.

Kuckeswäertes

änneren

Bekannt Münsteraner

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Münster (Westfalen) – Biller, Videoen oder Audiodateien