Vëlkerbond

international Organisatioun

De Vëlkerbond (fr.: Société des Nations, en.: League of Nations, sp.: Sociedad de Naciones) war déi éischt grouss international Organisatioun, déi den 10. Januar 1920 als Konsequenz vun der Paräisser Friddenskonferenz nom Enn vum Éischte Weltkrich mam Traité vu Versailles gegrënnt gouf. Säin Zil war et, duerch Ofrëschtung, e System vu kollektiver Sécherheet an d'Bäileeë vun internationale Konflikter duerch Verhandlung a Mediatioun de Fridden op der Welt ze garantéieren.

D'Evolutioun vum Vëlkerbond an der Welt (1920-1945)

Aner Domäner, an deenen de Vëlkerbond aktiv war, waren Aarbechtskonditiounen, gerecht Behandlung vun der indigener Bevëlkerung, Mënschen-, Drogen- a Waffenhandel, Gesondheet, Krichsgefaangen an de Schutz vun de Minoritéiten an Europa. Déi meescht Memberen hat d'Organisatioun tëscht September 1934 a Februar 1935; zu där Zäit waren 58 Länner Member vum Vëlkerbond.

Déi diplomatesch Philosophie, déi hanner der Grënnung vum Vëlkerbond steet, representéiert e fundamentale Gedankewiessel par Rapport zu den 100 Joer virdrun. D'Organisatioun hat keen eegene Militär a war vun de Groussmuechten ofhängeg, fir seng Resolutiounen duerchzesetzen, Wirtschaftssanktiounen anzehalen oder eng Arméi zur Verfügung ze stellen, wann eng gebraucht gouf. D'Groussmuechte waren awer dacks onwëlleg, dat ze maachen, well Sanktiounen zum Beispill anere Membere hätte schuede kënnen. Sou huet, wéi de Vëlkerbond wärend dem Zweeten Italieenesch-Ethiopesche Krich Italien accuséiert, seng Zaldote géifen Zelter vum Roude Kräiz ugräifen, de Benito Mussolini geäntwert, datt "de Vëlkerbond ganz gutt ass, wann d'Spatze jäizen, mee guer net gutt ass, wann d'Adleren erauskommen."

No enger Rei nennenswäerte Succèsen an e puer fréien Echecken an den 1920er huet sech de Vëlkerbond schliisslech als incapabel erwisen, d'Aggressioun vun den Achsemuechten an den 1930er ze verhënneren. Däitschland, Japan, Italien, Spuenien an aner Länner hu sech aus der Organisatioun zeréckgezunn. Den Zweete Weltkrich, deen duerno komm ass, huet gewisen, datt de Vëlkerbond net amstand war, säin Haaptzweck, en neie Weltkrich ze verhënneren, z'erfëllen. D'Vereent Natiounen hunn de Vëlkerbond nom Enn vum Krich ersat an eng Rei Agencen an Organisatiounen geierft, déi vum Vëlkerbond gegrënnt goufen.

De Sëtz vum Vëlkerbond war zu Genf, offiziell Sprooche waren Englesch, Franséisch a Spuenesch. Am Ganzen hat d'Organisatioun dräi Generalsekretären: den Englänner James Eric Drummond (1920-1933), de Fransous Joseph Avenol (1933-1940) an den Ir Seán Lester (1940-1946).

Lëtzebuerg gouf de 16. Dezember 1920 Member, huet awer seng Memberschaft wärend der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich mussen aussetzen.

Conseil vum Vëlkerbond änneren

De Conseil vum Vëlkerbond (fr. Conseil de la Société des Nations; eng. Council of the League of Nations) ass mat dem Pakt vum Vëlkerbond vum 28. Juni 1919 geschaaft ginn. E war eng vun den dräi Haaptinstitutioune vum Vëlkerbond, zesumme mat der Assemblée an dem Sekretariat. En huet sech aus permanenten a gewielte Memberen zesummegesat an huet de Sekretär vum Vëlkerbond ernannt. De Conseil war fir de Weltfridden zoustänneg.[1] Seng éischt Sessioun war de 16. Januar 1920.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Sessioune vum Conseil vum Vëlkerbond.

Assemblée änneren

Presidente vun der Assemblée (1920-1946) änneren

Quell änneren

  • Dësen Artikel ass eng Iwwersetzung vun der Introduktioun vum Artikel League of Nations aus der engleschsproocheger Wikipedia, an der Versioun vum 1. November 2011 (konfirméiert als Qualitéitsartikel/"Featured article").

Um Spaweck änneren

Commons: Vëlkerbond – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Pakt vum Vëlkerbond