Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Däitschen Zollveräin war eng Zollunioun, déi duerch d'Zesummegoe vu Staate vum Däitsche Bond, inklusiv Lëtzebuerg vum 8. Februar 1842 un, awer ouni Éisträich, ënner der Leedung vu Preisen zustane koum. Dat ass opgrond vum Zollvereinigungsvertrag vum 22. Mäerz 1833 geschitt.

Den Zollveräin, dee vum Kinnekräich Preise gefërdert gouf, fir eng "klengdäitsch" Eenheet (deemno ouni de Villvëlkerstaat Éisträich) erbäizeféieren, ass den 1. Januar 1834 a Kraaft getrueden, a Lëtzebuerg ass em 1842 ouni grouss Begeeschterung bäigetrueden. Lëtzebuerg gouf iwwregens an den Entscheedungsorganer ëmmer vu Preise vertrueden.

No der Grënnung vum däitsche Keeserräich 1871 zu Versailles huet den Zollveräin nach just aus zwéin ongläiche Memberstaate bestanen: Däitschland a Lëtzebuerg, woubäi Lëtzebuerg um wirtschaftleche Plang souzesoen nach just eng Provënz vun Däitschland war[1].

Enn 1918, nom Éischte Weltkrich, ass dat neutraalt Lëtzebuerg, dat véier Joer laang vun Däitschland besat war, offiziell aus deem Veräin erausgaangen an huet, als klengt Land, sech no engem neie Wirtschaftspartner missen ëmkucken, ë. a. fir seng Industrieprodukioun lasszeginn. Obwuel déi meescht Lëtzebuerger sech am duebele Referendum vum 28. September 1919 fir Frankräich ausgesprach haten, koum et nom Refus vun der franséischer Republik zu Verhandlunge mat der Belsch, a schliisslech zur Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun (UEBL - Union économique belgo-luxembourgeoise).

Literatur

änneren
  • Actes de colloque « David & Goliath – L'adhésion du Grand-Duché de Luxembourg au Zollverein allemand 1842-1918 ». Luxembourg, Archives nationales du Luxembourg, 2019 [mat Kontributioune vun Josée Kirps, Alain Bellot, Michel Wurth, Lynn Zoenen, Hans-Werner Hahn, Marco Kreutzmann, Gilles Regener, Nicky Blazejewski, Fanny Robert, Martina Sochin d'Elia, Joseph Schmauch, Herbert Ruland, Max Schmitz, Yves Claude, Thomas Gergen, Stéphanie Kovacs, Robert L. Philippart, Marc Thiel, Charles Barthel].
  • Thomas Nipperdey, Deutsche Geschichte 1800-1866 - Bürgerwelt und starker Staat; München (Verlag C.H. Beck), 1983. ISBN 978-3-406-09354-8
  • Albert Calmes, Der Zollanschluß des Großherzogtums Luxemburg an Deutschland; 2 Bänn; Lëtzebuerg (Joseph Beffort), 1919.
  • Pierre Pescatore, La souveraineté nationale et les traités internationaux; in: Hémecht 19 (1967).
  • Christian Calmes, 1919 - L'étrange referendum du 28 septembre (= Bd. XI vun der Histoire contemporaine du Grand-Duché de Luxembourg); Lëtzebuerg (Éditions Saint-Paul), 1979.
  • Paul Schmit: Le Luxembourg et le Zollverein. In: Hémecht, 65. Jg., nº Heft 3 (01.07.2013), p. 315ff.
  • Gilbert Trausch, Du Zollverein à l'Union économique belgo-luxembourgeoise (1914-1922); in: Hémecht 36 (1984), n° 3, Ss. 343-390.
  • Gérard Trausch, Histoire économique du Grand-Duché de Luxembourg 1815-2015; Lëtzebuerg (Statec), 2017. ISBN 978-2-87988-134-8

Referenzen an Notten

änneren
  1. Christian Calmes an der Literatur