1849
Joer
◄ |
18. Joerhonnert |
19. Joerhonnert
| 20. Joerhonnert
| ►
◄◄ |
◄ |
1845 |
1846 |
1847 |
1848 |
1849
| 1850
| 1851
| 1852
| 1853
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1849.
EvenementerÄnneren
EuropaÄnneren
- 9. Februar: Am Kierchestaat rifft, am Kader vum Risorgimento, den Giuseppe Mazzini d'Réimesch Republik aus. Si gëtt direkt dono, duerch den Agrëff vu franséischen a spueneschen Truppe bis den 3. Juli mat Gewalt néiergeschloen; de Poopst Pius IX. kritt seng weltlech Muecht zeréck.
- 7. Mäerz: De Reichstag an Éisträich-Ungarn gëtt opgeléist.
- 12. Mäerz: D'Kinnekräich Sardinien-Piemont erkläert Éisträich de Krich, well d'Deputéiertechamber an d'Vollek wëllen, datt de Kampf fir d'Onofhängegkeet an Norditalie wärend dem Risorgimento virugoe soll.
- 23. Mäerz: An der Schluecht bei Novara gewannent d'Éisträicher géint déi italieenesch Opstännesch a behalen einstweilen hir Dominanz an Norditalien.
- 27. Mäerz: D'Frankfurter Nationalversammlung hëllt d'Paulskirchenverfassung un.
- 28. Mäerz: Bei de Reichswalen am Frankfurter Parlament stëmmen och déi Lëtzebuerger Deputéiert fir de Kinnek vu Preisen, de Friedrich-Willhelm IV..
- 4. Abrëll: An der Ungarescher Revolutioun gewannen d'Rebellen an der Schluecht bei Tápióbicske géint déi éisträichesch Truppen.
- 5. Juni: Dänemark gêtt sech eng éischt Verfassung.
- 18. Juni: D'Kinnigin Maria II. vu Portugal ernennt trotz Protester den Markgrof vun Tomar op en neies als Nofollger vum Herzog vu Saldanha zum Ministerpresidenten.
- 13. August: Am Onofhängegkeetskrich an Ungarn kapituléiert d'Arméi ënnert dem Generol Artur Görgey géintiwwer de russeschen Truppen. Am Kader vun der Helleger Allianz schlagendchloen dës, zesumme mat éisträicheschen Unitéiten, d'Revolutioun vun de Magyaren néier.
- 6. Oktober: De Lajos Batthyány, an Ungarescher Revolutioun éischten ungaresche Ministerpresident, gëtt zu Pest exekutéiert, an och 13 Leadere vum Opstand ginn zu Arad higeriicht.
- 18. November: D'Kinnekräich Kroatien a Slawonien gëtt vun Ungarn ofgetrennt an e separat Krounland an der Habsburgermonarchie.
LëtzebuergÄnneren
- 12. Mee: De Wëllem III. gëtt neie Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg.
AfrikaÄnneren
AmerikaÄnneren
USAÄnneren
- 5. Mäerz: Den Zachary Taylor gëtt 12. President vun de Vereengte Staaten vereedegt, hie léist den James K. Polk of.
SüdamerikaÄnneren
AsienÄnneren
- 21. Februar: D'Arméi vun de Sikhs verléiert d'Schluecht von Gujarat géint déi brittesch Truppen; hiert Räich am Punjab gëtt den 29. Mäerz a Brittesch-Indien agegliddert an domat Deel vum brittesche Welträich.
Ozeanien & PazifikÄnneren
Arabesch WeltÄnneren
Konscht a KulturÄnneren
MolereiÄnneren
LiteraturÄnneren
MusekÄnneren
Wëssenschaft an TechnikÄnneren
GebuerÄnneren
- André Koch, lëtzebuergesche Mineningenieur.
- 18. Februar: Jérôme-Eugène Coggia, franséischen Astronom.
- 28. Mäerz: James Darmesteter, franséische Schrëftsteller an Orientalist.
- 17. Juni: William Henry Finlay, südafrikaneschen Astronom.
- : 6. AugustZephyrin Biever, lëtzebuergeschen Dominikanerpater.
- 16. August: Amaury vu Marchant an Aansebuerg (1849), Grof vun Aansebuerg.
- : 9. SeptemberPierre-Éloi Schoué, lëtzebuergesche Politiker, Botaniker an Apdikter.
- 26. September: Iwan Petrowitsch Pawlow, russesche Physiolog a Komportementsfuerscher; Nobelpräisdréier.
- 27. September: Émile Claus, belsche Moler.
- 10. November: Adam Reiners, lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.
- 10. Dezember, Prosper-Mathieu Henry, franséischen Astronom.
GestuerwenÄnneren
- : 7. FebruarFrédéric Chopin, franséisch-polnesche Pianist a Komponist.
- 17. Mäerz: Wëllem II., Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg.
- 10. Mee: Katsushika Hokusai, japanesche Xylograph.
- 15. Juni: James K. Polk, den 11. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
- 11. Juni: Eusebio Guilarte Vera, President vu Bolivien.
- 21. Juli: Louis L'Évêque de la Basse-Moûturie, franséischen Auteur.
- : 7. OktoberEdgar Allan Poe, US-amerikanesche Schrëftsteller.
Um SpaweckÄnneren
Commons: 1849 – Biller, Videoen oder Audiodateien |