Schleswig-Holstein
Land vun der Bundesrepublik Däitschland
Schleswig-Holstein | ||
Fändel | Wopen | |
---|---|---|
Basisdaten | ||
Sproochen: | Däitsch Nidderdäitsch Dänesch Frisesch Romani | |
Haaptstad: | Kiel | |
Fläch: | 15.799,65 km² | |
Awunner: | 2.800.000 (2014)[1] | |
Bevëlkerungsdicht: | 179 Awunner/km² | |
Politik | ||
Stëmmen am Bundesrat: | 6 | |
Ministerpresident: | Daniel Günther (CDU) | |
Lokalisatioun | ||
Schleswig-Holstein (op Nidderdäitsch: Sleswig-Holsteen, op Dänesch: Slesvig-Holsten, op Nordfrisesch: Slaswik-Holstiinj) ass e Bundesland am Nordweste vun Däitschland. Haaptstad ass Kiel.
Geographie
ännerenSchleswig-Holstein läit tëscht dem Nordmier an dem baltesche Mier a grenzt am Norden un Dänemark, am Süden un Hamburg an Niddersachsen an am Südosten u Mecklenburg-Vorpommern.
Gréisst Stied
ännerenWat d'Awunnerzuele betrëfft, sinn déi gréisste Stied a Schleswig-Holstein:
- Kiel (Awunner: +239.000)
- Lübeck (Awunner: +211.000)
- Flensburg (Awunner: +83.000)
- Neumünster (Awunner: +77.000)
- Norderstedt (Awunner: +74.000)
- Elmshorn (Awunner: +47.000)
- Pinneberg (Awunner: +41.000)
- Itzehoe (Awunner: +30.000)
- Wedel (Awunner: +31.000)
- Ahrensburg (Awunner: +31.000)
Sproochen
ännerenAllgemeng Verwaltungssprooch ass Däitsch, woubäi et juristesch net kloer ass, op domat nëmmen Héichdäitsch oder och Nidderdäitsch (och Plattdäitsch genannt) gemengt ass.
A Schleswig-Holstein stinn der Europäescher Charta fir Regional- oder Minoritéitssproochen no follgend Sproochen ënner Schutz:
- Dänesch (Minoritéitssprooch): Standarddänesch, Sydslesvigdansk a Sønderjysk
- Frisesch (Minoritéitssprooch): Nordfrisesch
- Romani (och nach Romanes genannt, Minoritéitssprooch vun de Sinti a Roma)
- Nidderdäitsch (Regionalsprooch)
Um Spaweck
ännerenCommons: Schleswig-Holstein – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Statistische Ämter des Bundes und der Länder: Bevölkerung - Sachsen (gekuckt den 9. Juni 2015)