Hannover

Landeshaaptstad vun Niddersachsen, Däitschland
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Hannover ass d'Haaptstad vum 1946 gegrënnte Bundesland Niddersachsen.

Hannover
Land Däitschland
Bundesland Niddersachsen
Krees Regioun Hannover
Buergermeeschter August Holweg
Awunner 545.045 (31 Dezember 2022)
Fläch 204.14
Héicht 55
Koordinaten 52°22'28"N, 9°44'19"O
Telefonszon 511
Postcode 30159–30659
Websäit https://www.hannover.de/
Jumelage mat Perpignan, Bristol, Hiroshima, Leipzig, Poznań, Rouen, Kansas City, Montréal, La Paz, Newcastle upon Tyne

D'Stad déi op der Leine läit huet ronn 520.000 Awunner. Si gehéiert zur Regioun Hannover, engem Kommunalverband eegener Aart, an ass en Deel vun der Metropolregioun Hannover-Braunschweig-Göttingen-Wolfsburg.

Hannover war d'Haaptstad vum Land Hannover a vun 1866 un vun der preisescher Provënz mam selwechten Numm. D'Stad ass haut weltbekannt fir hir Foiren. Si läit am Schnëttpunkt vu wichtegen nationalen an europäesche Kommunikatiounsstrecken.

D'Leibnitz Universitéit huet ausserdeem zu Hannover hire Sëtz. Wichteg Employeure si Volkswagen, Continental, VHV an Talanx.

Um Spaweck änneren

Commons: Hannover – Biller, Videoen oder Audiodateien