Als Staatsgewalt oder Souveränitéit bezeechent een d'Ausübung vun der Muecht an engem Staat duerch déi staatlech Organer wéi z. B. d'Verwaltung, d'Police an d'Geriichter.

Zu Lëtzebuerg gëllt - wéi an allen demokratesche Staaten - d'Prinzip vun der Gewaltentrennung an dräi[1] Beräicher:

  1. Legislativ Gewalt, déi gesetzgebend Gewalt, zu Lëtzebuerg d'Chamber;
  2. Exekutiv Gewalt, déi Gesetzer ausféiert, zu Lëtzebuerg d'Regierung an de Groussherzog;
  3. Justizgewalt, déi d'Anhale vu Gesetzer iwwerwaacht a sanktionéiert, zu Lëtzebuerg d'Geriichter.

D'Wuert Gewalt gëtt hei a senger e bësse vereelzter Bedeitung vu Muecht respektiv Herrschaftsmuecht gebraucht. De Montesquieu, op deen eis haiteg Form vu Gewaltentrennung zeréckgeet, schwätzt am franséischen Original vu séparation des pouvoirs, also vun Opdeelung vun der Muecht.

Bal d'selwecht kléngt den Ausdrock Gewaltmonopol vum Staat, mä dee betrëfft déi aner Bedeitung vum Wuert Gewalt: d'Ausübung vu kierperlechem oder polizeilechem Zwang.

A Groussbritannien bedeit d'Wuert government net nëmme Regierung, mä och nach Staatsgewalt; an den USA bedeit government souguer bal nëmmen nach Staatsgewalt; d'Exekutiv gëtt meeschtens administration genannt. A Frankräich ka gouvernement souwuel Regierung wéi och Staatsgewalt bedeiten, wärend a Kanada gouvernement normalerweis just Regierung heescht.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
  1. D'Press gëtt heefeg als Véiert Gewalt ugesinn.