De Leopold I., mam ganzen Numm Leopold Ignatius Joseph Balthasar Felician, op Ungaresch: I. Lipót; gebuer den 9. Juni 1640 zu Wien an och do de 5. Mee 1705 gestuerwen, war bal en halleft Joerhonnert laang Réimesch-däitsche Keeser, Kinnek vun Ungarn a Kinnek vu Béimen.

Leopold I.
Titelen
Virgänger Ferdinand III.
Nofollger Joseph I.
Biographie
Gebuer 9. Juni 1640
Wien
Gestuerwen 5. Mee 1705
Wien
Bestuet mat Eleonore vu Pfalz-Neuburg
Papp Ferdinand III.
Mamm Maria Ana vu Spuenien
Geschwëster Maria-Anna vun Éisträich
Kanner Karel VI.

Hie war aus dem Haus Habsburg an den zweete Jong vum Keeser Ferdinand III. a senger éischter Fra, der Maria Anna vu Spuenien.

Den 9. Juli 1654 ass säi grousse Brudder Ferdinand IV. gestuerwen, an hie gouf Krounprënz, fir da mat 18 Joer, den 18. Juli 1658, bis zu sengem Doud, 1705, Keeser ze ginn. Op militäreschem Plang war dem Leopold seng Herrschaft gekennzeechent duerch Succèse géint d'Osmanescht Räich am Groussen Tierkekrich duerch säi Generol Eugène vu Savoie-Carignan, dorënner an de Schluechte vu Szentgotthárd, Wien, Mohács an Zenta. Um Enn vum Krich hat d'Habsburger Monarchie Transsylvanien an e groussen Deel vun Ungarn annektéiert.

De Leopold seng Regierunszäit stoung och ënner de Konflikter mam Kinnekräich Frankräich, absënns mat der agressiver Expansiounspolitk vum Louis XIV. an de Spueneschen Nidderlanden, am Krich vun néng Joer an am Spueneschen Ierffollegkrich.

Bestietnesser a Kanner änneren

De Leopold I. war dräimol bestuet; Fir d'éischt 1666 mat der Infantin Margarita Teresa vu Spuenien, der Duechter vum Kinnek Felipe IV. Si ass 1673 gestuerwen. Vun de véier Kanner, déi se krut, sinn der dräi jonk gestuerwen. Eenzeg hir Duechter Maria Antonia (1669-1692) huet iwwerlieft, ma si ass gestuerwen, wéi se hiren éischter Puppelche krut.

Säin zweet Bestietnes 1673 war mat der Claudia Felicitas vun Éisträich, ma si ass scho 1676 gestuerwen. Déi zwee Kanner déi se krut sinn all virun hirem éischte Liewensjoer gestuerwen. Nach dat selwecht Joer huet de Leopold sech eng drëtt Kéier bestuet, dës Kéier mat der Eleonora vu Pfalz-Neuburg. Si huet net manner wéi 10 Kanner op d'Welt bruecht, sou datt d'Trounfolleg endlech geséchert war. Dës waren:

Virgänger:
Ferdinand III.
Keeser vum HRR
1658 - 1705
Nofollger:
Joseph I.
Virgänger:
Ferdinand III.
Kinnek vun Ungarn
1658 - 1705
Nofollger:
Joseph I.
Virgänger:
Ferdinand III.
Äerzherzog vun Éisträich
1658 - 1705
Nofollger:
Joseph I.
Virgänger:
Ferdinand III.
Kinnek vu Béimen
1658 - 1705
Nofollger:
Joseph I.


Commons: Leopold I, Holy Roman Emperor – Biller, Videoen oder Audiodateien