Elizabeth Taylor
D'Elizabeth Rosemond Taylor, DBE, gebuer de 27. Februar 1932 zu London, a gestuerwen den 23. Mäerz 2011 zu Los Angeles, war eng brittesch-US-amerikanesch Schauspillerin. Si huet hir Karriär als Kannerschauspillerin an de fréien 1940er ugefaangen a war ee vun de beléiftste Staren zu Hollywood an den 1950er. An den 1960er huet si hir Filmcarrière erfollegräich weidergefouert, a bis zum Rescht vun hirem Liewen ass si eng bekannt Perséinlechkeet bliwwen. 1999 huet den American Film Institute si déi "siwentgréisst weiblech Leinwandlegend" genannt.
Elizabeth Taylor | |
---|---|
Gebuertsnumm | Elizabeth Rosemond Taylor |
Gebuer |
27. Februar 1932 Hampstead Garden Suburb |
Gestuerwen |
23. Mäerz 2011 Los Angeles |
Doudesursaach | Häerzversoen |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, USA, USA |
Aktivitéit | Philanthrop, Autobiograph, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schrëftsteller, Filmschauspiller, Filmproduzent, Konschtsammler, Schauspiller |
Partei | Republican Party |
Famill | |
Bestuet mat | Conrad Hilton, Jr., Michael Wilding, Michael Todd, Eddie Fisher, Richard Burton, Richard Burton, John Warner, Larry Fortensky |
Papp | Francis Lenn Taylor |
Mamm | Sara Sothern |
Kanner | Michael Wilding junior |
Liewen
ännerenKandheet a Jugendfilmer
ännerenD'Elizabeth Taylor gouf als Kand vu räichen a gesellschaftlech prominenten US-amerikaneschen Elteren zu London gebuer, déi 1939 mat hir op Los Angeles geplënnert sinn. Do gouf si relativ séier vu Universal Pictures ënner Vertrag geholl. Hire Leinwanddebut huet si 1942 an enger klenger Nieweroll am Film There's One Born Every Minute gemaach, mä Universal huet d'Zesummenaarbecht mat der Taylor no engem Joer nees gekënnegt. Duerno ass d'Elizabeth Taylor vu Metro-Goldwyn-Mayer (MGM) rekrutéiert ginn an huet hiren Duerchbroch mat National Velvet (1944) gefeiert. Dee Film huet aus hir ee vum Studio senge populäerste Jugendstare gemaach. An de fréien 1950er Joren huet si d'Transitioun zu Erwuesseneroll gepackt, wéi si am Kaméidistéck Father of the Bride (1950) matgespillt huet a vun de Kritiker fir hir Roll am Drama A Place in the Sun (1951) gelueft gouf.
Héichpunkt als Filmstar an den 1950er an 1960er
ännerenObwuel si ee vun de Stare war, deen MGM am meeschte Suen abruecht huet, wollt d'Elizabeth Taylor hir Karriär an de fréien 1950er un den Nol hänken. Hir huet dem Studio seng Kontroll net gepasst a vill vun de Filmer, déi si zougewise krut, hunn hir net gefall. Vun der Mëtt der 1950 u krut si Rollen, déi hir du besser gefall hunn, ugefaange mam eepeschen Drama Giant (1956). An de Joren drop huet si an enger Rei kritesch a kommerziell erfollegräiche Filmer matgespillt, dorënner zwou Filmadaptatioune vun Theaterstécker vum Tennessee Williams: Cat on a Hot Tin Roof (1958) a Suddenly, Last Summer (1959). Fir dee leschten huet d'Taylor e Golden Globe als bescht Schauspillerin gewonnen. Obwuel hir d'Roll als Callgirl an hirem leschte Film fir MGM, Girl a BUtterfield 8 (1960), net gefall huet, krut si dofir en Oscar als bescht Schauspillerin.
Duerno huet si e Rekord gebrach wéi si fir hir Roll als Kleopatra am Film mam selwechten Numm eng Gage vun enger Millioun US-Dollar krut. Cleopatra (1963) war bis zu deem Zäitpunkt den deierste Film, dee jee gedréint gouf. Wärend den Dréiaarbechten hunn d'Taylor an hire Ko-Schauspiller, de Richard Burton, sech op eng Affär agelooss, déi e Skandal provozéiert huet. Trotz ëffentlechem Mëssfalen hunn de Burton a si hir Bezéiung weidergefouert a goufen 1964 bestuet. An den engleschsproochege Medie krute si de Spëtznumm "Liz and Dick". Zesummen hu si 11 Filmer gedréint, dorënner The V.I.P.s (1963), The Sandpiper (1965), The Taming of the Shrew (1967), a Who's Afraid of Virginia Woolf? (1966). Fir hir Roll am leschtgenannte Film krut d'Taylor déi bescht Kriticken an hirer Carrière, an huet een Oscar an e puer aner Präisser gewonnen. Si an de Burton hu sech 1974 scheede gelooss, mä sech kuerz drop erëm verdroen a sech 1975 nei bestuet. Ee Joer drop ass dat Bestietnes nees gescheet ginn.
Spéidert Liewen an Doud
ännerenAn de spéiden 1960er huet der Taylor hir Schauspillcarrière ofgeholl, obwuel si bis an d'Mëtt der 1970er Jore weider Filmer gedréint huet. Duerno huet si sech drop konzentréiert, d'Karriär vun hirem sechste Mann, dem Senateur John Warner, ze ënnerstëtzen. An den 1980er huet si hir éischt gréisser Theaterrollen ugeholl an an e puer Fernseefilmer a -serie matgespillt. Si war den éischte Prominenten, dee seng eege Parfumsmark lancéiert huet. Donieft war d'Taylor och e vun den éischte Staren, deen en HIV/AIDS-Aktivist war. Si huet 1985 d'American Foundation for AIDS Research an 1991 d'Elizabeth Taylor AIDS Foundation matgegrënnt.
Vun de fréien 1990er bis zu hirem Doud huet si hir Zäit fir philanthropesch Aktivitéite benotzt. Dofir krut si eng Rei Auszeechnungen, dorënner d'Presidential Citizens Medal vum President vun de Vereenegte Staaten.
Hiert ganzt Liewen iwwer hat der Elizabeth Taylor hiert Privatliewen eng grouss Medienopmierksamkeet. Si war aachtmol mat siwe verschiddene Männer bestuet, hat schwéier Krankheeten an huet en Jet-Set-Liewe gelieft, wärend deem si eng vun de wäertvollste private Bijouskollektiounen an der Welt opgebaut huet. No laangjäreger Krankheet ass d'Elizabeth Taylor 2011 am Alter vun 79 Joer un engem Häerzversoe gestuerwen.
Filmer (Auswiel)
änneren- 1942: There's One Born Every Minute vum Harold Young mam Hugh Herbert
- 1943: Lassie Come Home vum Fred M. Wilcox mam Roddy McDowall an Edmund Gwenn
- 1944: National Velvet vum Clarence Brown mam Mickey Rooney an Angela Lansbury
- 1946: Courage of Lassie vum Fred M. Wilcox mam Frank Morgan
- 1947: Cynthia, vum Robert Z. Leonard mam George Murphy a Mary Astor
- 1947: Life with Father vum Michael Curtiz mam William Powell an Irene Dunne
- 1948: A Date with Judy vum Richard Thorpe mam Wallace Beery an Jane Powell
- 1948: Julia Misbehaves vum Jack Conway mam Greer Garson a Walter Pidgeon
- 1949: Little Women vum Mervyn LeRoy mam June Allyson a Peter Lawford
- 1949: Conspirator vum Victor Saville mam Robert Taylor an Honor Blackman
- 1950: The Big Hangover vum Norman Krasna mam Van Johnson
- 1950: Father of the Bride vum Vincente Minnelli mam Spencer Tracy an Joan Bennett
- 1951: Father's Little Dividend vum Vincente Minnelli mam Spencer Tracy an Joan Bennett
- 1951: A Place in the Sun vum George Stevens mam Montgomery Clift a Shelley Winters
- 1952: Love Is Better Than Ever vum Stanley Donen mam Larry Parks a Kathleen Freeman
- 1952: Ivanhoe vum Richard Thorpe mam Robert Taylor an George Sanders
- 1953: The Girl Who Had Everything vum Richard Thorpe mam Fernando Lamas a William Powell
- 1954: Elephant Walk vum William Dieterle mam Dana Andrews a Peter Finch
- 1954: Rhapsody vum Charles Vidor mam Vittorio Gassman a Louis Calhern
- 1954: Beau Brummell vum Curtis Bernhardt mam Stewart Granger a Peter Ustinov
- 1954: The Last Time I Saw Paris vum Richard Brooks mam Van Johnson a Walter Pidgeon
- 1956: Giant vum George Stevens mam Rock Hudson an James Dean
- 1957: Raintree County vum Edward Dmytryk mam Montgomery Clift an Eva Marie Saint
- 1958: Cat on a Hot Tin Roof vum Richard Brooks mam Paul Newman a Burl Ives
- 1959: Suddenly, Last Summer vum Joseph L. Mankiewicz mam Katharine Hepburn a Montgomery Clift
- 1960: Scent of Mystery vum Jack Cardiff mam Denholm Elliott a Peter Lorre
- 1960: Butterfield 8 vum Daniel Mann mam Laurence Harvey an Eddie Fisher
- 1963: Cleopatra vum Joseph L. Mankiewicz mam Richard Burton a Rex Harrison
- 1963: The V.I.P.s vum Anthony Asquith mam Richard Burton, Louis Jourdan, Orson Welles an Elsa Martinelli
- 1965: The Sandpiper vum Vincente Minnelli mam Richard Burton an Eva Marie Saint
- 1966: Who's Afraid of Virginia Woolf? vum Mike Nichols mam Richard Burton a Sandy Dennis
- 1967: The Taming of the Shrew vum Franco Zeffirelli mam Richard Burton a Cyril Cusack
- 1967: Doctor Faustus vum Richard Burton an Nevill Coghill mam Richard Burton
- 1967: Reflections in a Golden Eye vum John Huston mam Marlon Brando an Julie Harris
- 1967: The Comedians vum Peter Glenville mam Richard Burton, Alec Guinness a Peter Ustinov
- 1968: Boom vum Joseph Losey mam Richard Burton an Joanna Shimkus
- 1969: Secret Ceremony vum Joseph Losey mam Mia Farrow a Robert Mitchum
- 1970: The Only Game in Town vum George Stevens mam Warren Beatty
- 1972: Zee and Co. vum Brian G. Hutton mam Michael Caine a Susannah York
- 1972: Under Milk Wood vum Andrew Sinclair mam Richard Burton a Peter O'Toole
- 1972: Hammersmith Is Out vum Peter Ustinov mam Richard Burton a Peter Ustinov
- 1973: Night Watch vum Brian G. Hutton mam Laurence Harvey a Billie Whitelaw
- 1973: Ash Wednesday vum Larry Peerce mam Henry Fonda an Helmut Berger
- 1974: Identikit, vum Giuseppe Patroni Griffi mam Ian Bannen an Andy Warhol
- 1976: The Blue Bird vum George Cukor mat Jane Fonda an Ava Gardner
- 1977: A Little Night Music vum Harold Price mam Diana Rigg a Lesley-Anne Down
- 1980: The Mirror Crack'd vum Guy Hamilton mam Angela Lansbury a Geraldine Chaplin
- 1988: Il giovane Toscanini, vum Franco Zeffirelli mam C. Thomas Howell a Jean-Pierre Cassel
- 1994: The Flintstones, vum Brian Levant mam John Goodman an Halle Berry
Um Spaweck
ännerenCommons: Elizabeth Taylor – Biller, Videoen oder Audiodateien |